Mare Tranquillitatis

Moundmier

D'Mare Tranquillitatis (Mier vun der Rou) ass e Moundmier um Äerdmound.

Moundkaart mam Mare Tranquillitatis an d'Landplaze vun Apollo 11, Apollo 17, Apollo 16 a Surveyor 5. Am Südoste läit d'Mare Fecunditatis, am Nordosten d'Mare Crisium, am Nordwesten d'Mare Serenitatis an am Süden d'Mare Nectaris.
D'Mare Tranquillitatis

Et läit op de selenographesche Koordinaten 8° 30' N 31° 24' E an huet e mëttleren Duerchmiesser vun 873 km.

Am Joer 1965 war do d'Raumsond Ranger 8 ofgestierzt, nodeem si 7.137 Fotoe vum Mound opgeholl hat.

Am Mare hat och déi éischt bemannt Moundlandefär vun Apollo 11 opgesat. D'Landeplaz (0,8° N, 23,5° E) krut d'Bezeechnung „Tranquility Base“. Dräi kleng Moundkrateren nërdlech dovu kruten d'Nimm vun der Apollo11-Crew:Aldrin, Collins an Armstrong.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren