D'Mare Insularumlaténgesch fir Inselmier – ass e Randmier vum Oceanus Procellarum um Äerdmound. Den Numm gëtt nach wéineg gebraucht, well d'Benennung eréischt 1976 duerch d'International Astronomesch Unioun erfollegt ass.

Mare Insularum. Riets a lénks vun der Bildmëtt gesäit een déi hell Stralekrater Kopernikus a Kepler.

D'Mare huet e mëttleren Duerchmiesser vu 513 km a läit op der Westhalschent vun der viischter Moundsäit bei de selenographesche Koordinaten 7,5° Nord an 30,5° West. Et läit südlech vum Mare Imbrium am Beräich vun den opfällege Stralekrater Copernicus a Kepler. Am Weste geet et an den ausgedeenten Oceanus Procellarum iwwer, d'Nordgrenz maachen d'Montes Carpatus. Am Oste läit de Sinus Aestuum, am Süden d'Mare Cognitum

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren