De Marcel Lahure, gebuer den 23. Januar 1919[1] a gestuerwen de 5. Mäerz 1999, war e lëtzebuergesche Foussballspiller.

Marcel Lahure
Gebuer 23. Januar 1919
Gestuerwen 5. Mäerz 1999
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Famill
Kanner Petz Lahure

Den 13. an de 27. Mee 1945 huet hie fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[2] Den 13. Mee 1945 ass deen éischte Lännermatch nom Zweete Weltkrich am Stadion op der Areler Strooss gespillt ginn. Viru ronn 13.000 begeeschterte Leit huet Lëtzebuerg deemools d'Belsch-A-Ekipp sensationell 4:1 geschloen.

De Marcel Lahure ass de Papp vum Journalist Petz Lahure.

Referenzen änneren

  1. De Marcel Lahure op der Websäit vun der Football Database.eu
  2. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Marcel Lahure op der Websäit vun European Football