Marc Hansen (1968)

lëtzebuergesche Politiker
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem grénge Politiker Marc Hansen. Fir dee vun der DP, kuckt wgl. Marc Hansen (1971).

De Marc Hansen, gebuer de 5. Januar 1968 zu Esch-Uelzecht[1] , ass e lëtzebuergesche Politiker (déi Gréng) an Apdikter.

Marc Hansen
Gebuer 5. Januar 1968
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Apdikter, Politiker
Partei déi gréng

Formatioun a Karriär änneren

No sengem Studium fir Apdikter zu Stroossbuerg huet de Marc Hansen als Employé an enger Apdikt geschafft, ier e sech mat 49 Joer selwer installéieren duerft. Bis dohin huet hie sech an der Apdikteschgewerkschaft engagéiert, vun där en zéng Joer President war.[2]

Politesch Mandater änneren

Hien ass zanter 2012 am Gemengerot an zanter 2017 am Schäfferot vun der Gemeng Käerjeng.

Bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 war hie fir déi éischt Kéier Kandidat am Bezierk Süden. Hie gouf net direkt gewielt, ass awer fir de Félix Braz nogeréckelt wéi deen an d'Regierung genannt gouf. Hien ass de 6. Dezember 2018 als Deputéierte vereedegt ginn[3] an huet säin Deputéiertemandat bis un d'Enn vun der Sessioun 2022-23 erfëllt.

De Marc Hansen ass bestuet a Papp vu 4 Kanner.

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Fiche signalétique op chd.lu, der Websäit vun der Chamber; fir d'lescht gekuckt de 6. Dezember 2018
  2. Virginie Orlandi: "Portrait: Marc Hansen, la force tranquille." wort.lu, 14-01-2019.
  3. «Je jure fidélité au Grand-Duc» op wort.lu de 6. Dezember 2018