Marc Girardelli

lëtzebuergesch-éisträichesche Schileefer

De Marc Girardelli, gebuer den 18. Juli 1963 zu Lustenau an Éisträich, ass e lëtzebuergesche Schileefer.

Marc Girardelli
Gebuer 18. Juli 1963
Nationalitéit Lëtzebuerg, Éisträich
Aktivitéit Alpinschileefer
Gréisst 178 Zentimeter
Gewiicht 82 kg

Säi Liewen änneren

Mat fënnef Joer huet e mam Schi ugefaangen a mat siwen ass e schonn éischt Coursse gefuer, deemools nach fir Éisträich. 1976 ass en awer wéinst Differenze mam Trainer vun der éisträichescher Ekipp (e wollt exklusiv vu sengem Papp gecoacht ginn) op Lëtzebuerg gewiesselt, wou e sech an der Lëtzebuerger Schifederatioun (FLS) ageschriwwen huet. No senge Succèsen Enn der 80er Joren huet sech d'Fro vun der Participatioun un den Olympesche Spiller gestallt. Well ee muss d'Nationalitéit vun deem Land hunn, fir dat ee matmécht, huet missen d'Gesetz iwwer d'Optioun vun der Lëtzebuerger Nationalitéit geännert ginn, fir datt de Marc Girardelli sech mat Zäit konnt umellen (wat deemools ironesch Lex Girardelli genannt gouf).

Bei den Olympesche Wanterspiller 1992 zu Albertville huet en dann och zwou Sëlwermedaile fir Lëtzebuerg gewonnen. A bei den Alpine Schiweltmeeschterschaften huet en a senger Karriär ganzer véier Goldmedaillen, véier Sëlwermedaillen an dräi Bronzemedaile mat heem bruecht. Do derbäikommen nach 43 Victoiren a Coursse vum Weltcup a fënnef an der Weltcupfinall - e Rekord, deen nach ëmmer net gebrach ass.

1997 huet de Marc Girardelli wéinst enger schwéierer Bless um Knéi seng aktiv Zäit hanner sech misse loossen. Hien huet am Januar 2001 zu Bottrop am däitsche Ruhrgebitt den Alpin Centers opgemaach, mat 640 m déi längst Schihal vun der Welt. Mëttlerweil huet e se zwar un déi hollännesch Hotelsgrupp Van-der-Valk verkaaft, mä en ass do nach ëmmer fir d'Marketing- an Ëffentlechkeetsaarbecht zoustänneg.

Mëtt 2005 ass de Marc Girardelli mat der Andrea Palenov (geb. Donat) bestuet ginn. Zesumme wunne se an Däitschland.

Chronologesch Lëscht vun alle Gielercher änneren

  • 1984: Vainqueur am Weltcup vum Slalom.
  • 1985: Sëlwermedail am Slalom bei der Alpiner Schiweltmeeschterschaft zu Bormio.
  • 1985: Bronzemedail am Riselaf bei der Alpiner Schiweltmeeschterschaft zu Bormio.
  • 1985: Vainqueur am Weltcup vum Riselaf.
  • 1985: Vainqueur am Weltcup vum Slalom.
  • 1985: Vainqueur am Generalklassement vum Weltcup.
  • 1986: Vainqueur am Generalklassement vum Weltcup.
  • 1987: Sëlwermedail am Riselaf bei der Alpiner Schiweltmeeschterschaft zu Crans Montana.
  • 1987: Sëlwermedail am Super-G bei der Alpiner Schiweltmeeschterschaft zu Crans Montana.
  • 1987: Goldmedail am Slalom bei der Alpiner Schiweltmeeschterschaft zu Crans Montana.
  • 1989: Goldmedail am Slalom bei der Alpiner Schiweltmeeschterschaft zu Vail.
  • 1989: Bronzemedail am Slalom bei der Alpiner Schiweltmeeschterschaft zu Vail.
  • 1989: Vainqueur am Weltcup vun der Descente.
  • 1989: Vainqueur am Weltcup vum Combiné.
  • 1989: Vainqueur am Generalklassement vum Weltcup.
  • 1991: Goldmedail am Slalom bei der Alpiner Schiweltmeeschterschaft zu Saalbach-Hinterglemm.
  • 1991: Vainqueur am Weltcup vum Slalom.
  • 1991: Vainqueur am Weltcup vum Combiné.
  • 1991: Vainqueur am Generalklassement vum Weltcup.
  • 1992: Sëlwermedail am Riseslalom bei den Olympesche Wanterspiller zu Albertville.
  • 1992: Sëlwermedail am Super-G bei den Olympesche Wanterspiller zu Albertville.
  • 1993: Sëlwermedail am Slalom bei der Alpiner Schiweltmeeschterschaft zu Morioka Shizukuishi.
  • 1993: Bronzemedail am Combiné bei der Alpiner Schiweltmeeschterschaft zu Morioka Shizukuishi.
  • 1993: Vainqueur am Weltcup vum Combiné.
  • 1993: Vainqueur am Generalklassement vum Weltcup.
  • 1994: Vainqueur am Weltcup vun der Descente.
  • 1995: Vainqueur am Weltcup vum Combiné.
  • 1996: Goldmedail am Slalom bei der Alpiner Schiweltmeeschterschaft an der Sierra Nevada.
  • 1996: Goldmedail am Combiné bei der Alpiner Schiweltmeeschterschaft an der Sierra Nevada.
  • 43 weider Succèsen a Coursse vum Weltcup (7 × Riseslalom, 16 × Slalom, 8 × Combiné, 3 × Descente, 9 × Super-G)
 
De Marc Girardelli a senger aktiver Karriär
Virdrun    Sportler vum Joer    Duerno
Roby Langers 1988-1989 Guy Hellers
Guy Hellers 1991 Eugène Berger
Eugène Berger 1993-1994 Guy Hellers
Guy Hellers 1996 Christian Poos

Kuckt och änneren