Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Marc Assa, gebuer den 31. Januar 1941 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Manager.

Marc Assa
Gebuer 31. Januar 1941

Formatioun

Karriär

  • Mat 26 Joer huet hie seng Karriär bei Chevron ugefaangen, wou hie fir hir Bensinnsstatiounen zoustänneg war
  • Vun 1968 un war de Marc Assa du bei Euroflor, der Fabrick fir Buedembelag zu Wolz, a gouf och hiren Direkter
  • Déi Funktioun huet e weider behalen, wéi 1977 Sommer-Allibert d'Euroflor iwwerholl huet. Hie gouf du mat der onëmgänglecher Restrukturatioun vun der Entreprise chargéiert
  • 1985 Generaldirekter vu Sommer-Allibert
  • 1990 huet en dunn um Haaptsëtz vun der Gesellschaft (7.500 Beschäftegter an op 5 Kontinenter aktiv) d'Successioun vun hirem Grënner, dem Bernard Deconinck iwwerholl
  • De Marc Assa war och laang President vun der FEDIL.
  • Hie war Member vum Verwaltungsrot vun der BGL BNP Paribas, Goodyear Luxembourg, Eurobéton, Banque internationale à Luxembourg an Arbed.
  • De Marc Assa ass President vun der CDCL, Verwaltungsrotmember vu Zodiac Aerospace, nora systems, AXA Luxembourg a Member vum Beirat vun der Deutsche Bank.

Zitat vum Marc Assa

  • C'est l'écoute du marché et la prise en compte à parts égales des intérêts de l'actionnaire, du client et du personnel, qui doivent commander la structure de l'entreprise.

Literatur

  • Raymond Reuter: 100 Lëtzebuerger ronderëm d'Welt, S. 16: Marc Assa, 2003, Éditions Luxnews, ISBN 2-9599932-2-5

Um Spaweck

Interview mam Marc Assa an der Zäitschrëft L'Expansion (fr)