Marc Angel (Politiker)

lëtzebuergesche Politiker
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Politiker Marc Angel. Fir de Kënschtler mam selwechten Numm, kuckt wgl. Marc Angel (Kënschtler).

De Marc Angel, gebuer den 12. Mäerz 1963 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Diplomiwwersetzer, Politiker an Enseignant. Zanter dem 18. Januar 2023 ass hien ee vun de 14 Vizepresidente vum Europäesche Parlament.

Marc Angel
De Marc Angel (2023)
Gebuer 12. Mäerz 1963
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit Wien,
Technesch Universitéit Wien
Aktivitéit Politiker, Iwwersetzer
Partei LSAP

Liewen a Karriär änneren

No senge Sekundärsstudien am Athénée de Luxembourg, huet fir d'éischt op der Universität Wien an duerno op der Wirtschaftsuniversität Wien studéiert.

Zanter 1987 ass de Marc Angel Member an der LSAP an zanter dem 1. Januar 1994 Conseiller am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg. Hie gouf 2004 an d'Chamber gewielt a gouf zanterhier allkéiers, 2009, 2013 an 2018[1], erëmgewielt.

Enn 2019 huet hie säi Chambermandat opginn an ass fir den Nicolas Schmit an d'Europaparlament nogeréckelt, nodeems dee Member vun der Kommissioun Von der Leyen gi war. Den 18. Januar 2023 gouf hien als ee vu 14 Vizepresidente vum EU-Parlament gewielt. Hien ass domatt deen zweete Lëtzebuerger nom Nicolas Estgen am Joer 1979 op esou engem Posten.[2]

De Marc Angel ass President vun der Fanfare municipale Neudorf-Weimershof, vum Vélo sport Dommeldange a vu Stop aids now & accès.

Hien ass de Jong vum Kardiolog an LSAP-Politiker Robert Angel.

Gielercher änneren

Literatur änneren

  • Marc Glesener: Marc Angel (LSAP). Politik als Herzensangelegenheit. Der Weg führte vom Knuedler auf den Krautmarkt. In: 60 Abgeordnete. 60 Porträts, éditions saint-paul, 2007, S. 10-11

Um Spaweck änneren

Commons: Marc Angel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. elections.lu.
  2. "De Marc Angel ass neie Vizepresident vum EU-Parlament." rtl.lu, 18.01.2023.
  3. « Compte-rendu des séances publiques n°7 - Séance extraordinaire 2013-2014 », op https://www.chd.lu/