Many Arnold-Leurs

lëtzebuergesch Molerin

D'Many Arnold-Leurs, gebuer als Madeleine Susanne Catherine Leurs de 5. Mäerz 1920 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen den 29. Dezember 2013, war eng lëtzebuergesch Molerin.[1][2]

Many Arnold-Leurs
Gebuertsnumm Madeleine Susanne Catherine Leurs
Gebuer 5. Mäerz 1920
Lëtzebuerg
Gestuerwen 29. Dezember 2013
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler
Famill
Bestuet mat Georges Arnold

D'Many Leurs war eng Duechter vum Schlässer August Leurs a vun der Susanne Müller.[3] Hir kënschtleresch Ausbildung krut si an enger Rei Atelieren an der Stad an huet e Cours an der Académie de la Grande Chaumière zu Paräis gemaach[4]. D'Many Leurs war mam Dokter Georges Arnold (1920-2018) bestuet, mat deem si zwee Meedercher hat.

D'Many Leurs huet expressionistesch Blummenarrangementer gemoolt, vun 1960 un huet si ugefaange méi abstrakt ze schaffen an huet ënner anerem Landschafte gemoolt.[5] Si war Member vum Kënschtlerveräin Cercle artistique de Luxembourg an huet vun 1956 un am Cercle sengen alljärleche Salonen ausgestallt.[6]

D'Many Arnold-Leurs ass am Alter vun 93 Joer gestuerwen.[7]

Kuckt och änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Jos Welter, red. (1993) Rétrospective : Cent ans d'art luxembourgeois 1893-1993. Lëtzebuerg: Cercle artistique de Luxembourg / Crauthem: Lux-Print. ISBN 2-919970-24-0.
  2. "Many Leurs", Lëtzebuerger Konschtlexikon, MNAHA.
  3. Gebuertsschäin n° 84, 1920.
  4. Lambert Herr (2001) Signatures, portraits et auto-portraits : artistes plasticiens au Luxembourg. Lëtzebuerg: Éditions Saint-Paul. ISBN 2-87963-382-6. S. 14.
  5. Lambert Herr (1992) Anthologie des arts au Luxembourg. Lëtzebuerg: Editions Emile Borschette. ISBN 2-87982-034-0. S. 15.
  6. "Zum Salon 1955/56 des Cercle Artistique de Luxembourg im Staatsmuseum Luxemburg", Luxemburger Wort, 10. Oktober 1956.
  7. Luxemburger Wort, 3. Januar 2014.