E Mantel ass e Kleedungsstéck mat laangen Äerm dat den Uewerkierper bedeckt. Et gläicht enger Jackett. De gréissten Ënnerscheed läit an der Längt. Haut gëllt generell, datt d'Jackett bis un den Hënner geet, mä et hänkt vun der Epoch a vun der Moud of, bei wéi enger Gréisst d'Jackett ophält an de Mantel ufänkt. Mäntel déi iwwer de Knéien ophalen, ginn Trois quarts genannt.

En Här an zwou Dammen a Mäntel

De Mantel gëtt generell baussent dem Haus ugedoen, mat Ausnam vu bestëmmte Forme wéi dem Buedmantel. E gëtt meescht am Wanter ugedoen a soll géint d'Keelt schützen. E Reemantel schützt sengersäits, wéi den Numm et noleet, géint Reen. Bekannt ass dobäi besonnesch den Trenchmantel a Mäntel déi aus Gabardine konfektionéiert sinn. Fir Wantermäntel oder Juegdmäntel ass de Loden e beléift Stoft.

Um Spaweck änneren

Commons: Mäntel – Biller, Videoen oder Audiodateien