Manifest vum Braunschweig

(Virugeleet vu(n) Manifest vu Braunschweig)
Dësen Artikel beschäftegt sech mam Manifest vum Braunschweig vu 1792. Fir d'Dokument vun 1870, kuckt wgl. "Braunschweiger Manifest".

De Manifest vum Braunschweig (fr.: « Manifeste de Brunswick ») war en Opruff, deen an der Folleg vun der Franséischer Revolutioun angeblech vum Uféierer vun de preiseschen Truppen, dem Feldmarschall an Herzog vu Braunschweig Karl Wilhelm Ferdinand de 25. Juli 1792 un d'opstänneg Paräisser Bevëlkerung geriicht gouf. Tatsächlech soll den Text vun engem franséischen Emigrant mam Numm Limon stamen.

De Karl Wilhelm Ferdinand vu Braunschweig.

De Manifeste de Brunswick huet ugedreet, datt Paräis géif geplëmmt ginn, wann de Kinnek Louis XVI. a senger Famill eppes géif geschéien.

De Manifest huet awer genee de Géigendeel erreecht. Den 10. August 1792 hunn d'„Sansculottes“ souwéi aner Opstänneg de Palais des Tuileries gestiermt, d'Schwäizergarde ëmbruecht, an d'kinneklech Famill an den Temple, eng fréier Festung vum Templeruerden, bruecht, wou si streng bewaacht gouf.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: 10. August 1792.

Literatur zum Theema änneren

  • H. A. Barton, "The Origins of the Brunswick Manifesto" in: French Historical Studies, Band 5, N. 2, 1967.
  • Jacques Godechot, La Contre-Révolution: doctrine et action, 1789-1804, PUF, Paräis, 1961.

Um Spaweck änneren

  Wikisource: Manifeste de Brunswick.

  Portal Franséisch Revolutioun – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Revolutioun vu 1789.