Manfred Krug

däitsche Schauspiller, Sänger a Schrëftsteller

De Manfred Krug, gebuer den 8. Februar 1937 zu Duisburg a gestuerwen den 21. Oktober 2016 zu Berlin, war en däitsche Schauspiller, Sänger a Schrëftsteller.

Manfred Krug
Pseudonym Isa Karfunkelstein
Gebuer 8. Februar 1937
Duisburg
Gestuerwen 21. Oktober 2016
Berlin
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit Däitsch Demokratesch Republik, Däitschland
Educatioun Ernst-Busch Héichschoul
Aktivitéit Schauspiller, Schrëftsteller, Sänger, Dréibuchauteur, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller, Komponist
Famill
Kanner Fanny Krug
De Manfred Krug (1971)

De Manfred Krug ass 1949, no der Scheedung vu sengen Elteren, mat sengem Papp vu Westdäitschland an déi nei gegrënnt DDR wunne gaangen. Do huet hie fir Schauspiller geléiert, a krut vun 1957u Rollen an der DDR-Tëlees- a Kinosproduktioun. Gläichzäiteg huet hie sech en Numm als Chanson- an Jazzsänger gemaach, an huet eng Rëtsch Lidder selwer komponéiert.

1976 huet hien eng Protestpetitioun géint d'Ausbiergerung vum Wolf Biermann ënnerschriwwen, a krut dowéinsti 6 Méint Beruffsverbuet. Doropshin huet hie selwer eng Demande gemaach, an de Westen auszewanderen, wat hien dann och den 20. Juni 1977 huet dierfe maachen.

Do huet hien a populären Tëleeserië matgespillt, wéi Auf Achse, Liebling Kreuzberg, dem Tatort oder der Sesamstraße.

Do dernieft huet hie Bicher geschriwwen; zwou Autobiographien (Abgehauen (1996) a Mein schönes Leben (2005), an e Band mat Erzielungen (Schweinegezadder, 2008).

Filmographie änneren

Kino änneren

vun 1957 bis 1959 änneren

vun 1960 bis 1969 änneren

vun 1970 bis 1979 änneren

vun 1980 bis 1994 änneren

TV änneren

Literatur änneren

  • Manfred Haedler: Manfred Krug. Henschelverlag Kunst und Gesellschaft, Berlin 1972.
  • Christian Pundt: Mord beim NDR: Tatort mit Manfred Krug und Charles Brauer (= Beiträge zur Medienästhetik und Mediengeschichte; Band 15). Lit, Münster / Hamburg / London 2002, ISBN 3-8258-6388-3 (Magisterarbeit [Universität Hamburg] 1999, 171 Seiten).

Um Spaweck änneren

Commons: Manfred Krug – Biller, Videoen oder Audiodateien