Mammutbeem
D'Mammutbeem oder Sequoiaen (Sequoioideae), déi hiren Numm vum Sequoyah, dem Erfinder vun der Cherokee Schrëft hunn, sinn eng Ënnerfamill an der Famill vun den Zypresseplanzen, de Cupressaceae.
Den General Sherman tree | |
Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
---|---|
Räich | Planzeräich |
Iwwerofdeelung | Somplanzen |
Ofdeelung | Nolholzplanzen |
Klass | Pinopsida |
Uerdnung | Pinales |
Famill | Zypresseplanzen |
Ënnerfamill | Mammutbeem |
Wëssenschaftlechen Numm | |
Sequoioideae | |
Risemammutbam Küstemammutbam Urweltmammutbam |
Systematik änneren
Et gëtt dräi Gattunge vu Mammutbeem, jiddwereng mat nëmmen enger Aart:
- Risemammutbam (Sequoiadendron giganteum)
- Küstemammutbam (Sequoia sempervirens)
- Urweltmammutbam (Metasequoia glyptostroboides)
Mammutbeem zu Lëtzebuerg änneren
- zwéin am Amaliepark
- zwéin An der Buerg am Lieu-dit Baumbusch an de Kéieren, wann ee vu Gonnereng kënnt. Duerch en Arrété ministeriel vum 29. Mäerz 1974 goufe se arbres remarquables deklaréiert, a sinn zanterhier um Inventaire supplémentaire des monuments nationaux.
- zwéin am Mayrisch-Park um Diddelenger Kräizbierg
- een zu Diddeleng an der Birengerstrooss
- een am Parc Tony-Neuman
- een zu Diddeleng am Pullewee
- een zu Colmer-Bierg bei de Good-Year
- een zu Kënzeg bei der Schoul
- e puer am Arboretum am Gréngewald beim Waldhaff.
- eng Metasequoia am Stater Park laanscht d'Neipaartstrooss
- Den 11. November 2006 huet d'Gemeng Péiteng bei Geleeënheet vum Dag vum Bam "fir déi 192 Kanner, déi tëscht dem 1. November 2005 an dem 31. Oktober 2006 gebuer goufen" e Mammutbam, e Sequoiadendron giganteum geplanzt, ass am Gemengeblietchen Péiteng Meng Gemeng Dezember 2006-Januar 2007 ze liesen.
An der Provënz Lëtzebuerg änneren
Uertschaft | Plaz | Ëmfang m | Héicht m | Stéckzuel |
---|---|---|---|---|
Verdenne | Château de Verdenne | 6,90 | 35 | 1 |
Libin | Beim Schlass | 6,50 | 25 | 1 |
Assenois | Château d'Assenois | 6,30 | 35 | 1 |
Guirsch | Park vum Schlass | > 6,00 | > 35 | 2 |
Virton | Collège Notre-Dame du Bonlieu | 5,86 | 1 | |
Bouillon | Domaine les Amerois | 5,81 | 31 | 1 |
Suxy | Château des Croisettes | 5,77 | 30 | 2 |
Bende | Domaine de Jenneret | 5,45 | 30 | 1 |
Étalle | Château de Sainte-Marie-sur-Semois | 5,30 | 1 | |
Hampteau | Château d'Heblon | 5,22 | 22 | 1 |
Florenville | Bei der Kierch | > 5,00 | > 25 | 1 |
Florenville | Forge Roussel | 4,72 | 40 | 1 |
Libin | Privatterrain am Duerf | 4,57 | 20 | 1 |