Malmö Toundokument ['malmø:] ? / i (dänesch: Malmø) ass eng Groussstad a Schweden an der historescher schweedescher Provënz Schonen (Skåne), an Haaptstad vun der haiteger Provënz Skåne souwéi Haaptuerschaft vun der Gemeng Malmö.

Malmö ass mat zirka 300.000 Awunner (2011) no Stockholm a Göteborg déi drëttgréisst Stad vum Land.

Geographie änneren

Malmö läit am äusserste Süde vum Land. D'Distanz bis op Mailand (zirka 1.159 km) ass méi kleng wéi déi op Kiruna, déi nërdlechst Stad vu Schweden (zirka 1.392 km). No Kopenhagen, dat nëmme 27 km ewech ass, si Göteborg (zirka 214 km), Kiel (zirka 232 km), Hamburg (zirka 300 km), Oslo (zirka 498 km) a Stockholm (zirka 514 km) déi Groussstied, déi am nooste bäi sinn.[1]

Zanter der Aweiung vun der Öresundbréck am Joer 2000 forméiert d'Metropolregioun Malmö zesumme mat Kopenhagen, dat um Öresund géintiwwer läit, ee vun den Zentre vun der Öresundregioun. D'Stad huet eng eege Plage.

Staddeeler änneren

Zanter 1996 gëtt Malmö an déi follgend zéng Staddeeler agedeelt, déi hirersäits nees an zesummen 134 Deelgebidder opgedeelt sinn. Zum Stadgebitt (schweedesch: Tätort) vu Malmö gehéiert och dat direkt nërdlech uschléissend Arlöv, Haaptuertschaft vun der Gemeng Burlöv (538 Hektar vun der Fläch vum Stadgebitt Malmö mat 10.284 Awunner, 2010).[2]

 
Malmö vum Kronprinsen-Héichhaus aus gesinn
 
  • Centrum
  • Fosie
  • Husie
  • Hyllie
  • Kirseberg
  • Limhamn-Bunkeflo
  • Oxie
  • Rosengård
  • Södra Innerstaden
  • Västra Innerstaden

Galerie änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Malmö – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. www.entfernung.org – all Angabe si Loftlinn.
  2. Tätorter 2010, Informatiounsschrëft vum schweedesche Statistikamt SCB (schweedesch)