Mainstream (englesch fir Haaptfloss) ass dat, wat d'grouss Majoritéit vu Leit denkt oder gutt fënnt. Am Géigesaz dozou stinn d'Subkultur an d'Géigekultur a Saachen, déi als independant ("onofhängeg") oder underground bezeechent ginn. De Begrëff Mainstream gëtt haaptsächlech, mä net exklusiv, fir d'Popkultur benotzt.

Mainstream-Filmer si kommerziell Filmer, déi vu grousse Studioen oder Produktiounsentreprisë produzéiert a vun internationale Mediekonglomerater besëtzt ginn. Wéinst relativ héije Bugdetë kënnen déi Filmer méi deier Schauspiller bezuelen, méi wäitleefeg erausbruecht an a populäre Butteker verkaaft ginn.

Als Mainstream-Musek bezeechent ee Musek, déi deene meeschte Leit bekannt ass an als "harmlos" empfond gëtt; dozou gehéieren ënner anerem Pop, Pop-Rap a Pop-Rock. Musek, déi sech géint Mainstream-Musek riicht, gëtt et a bal all de Museksgenren (Punk Rock, Heavy Metal, Anti-Folk, alternativen Hip Hop...)

An de Medië gi Printmedien (Zeitungen, Zäitschrëften), déi déi héchst Lieserunzuel opweisen, a Radio- an Televisiounsprogrammer mam meeschte Publikum als Mainstream- oder Massemedie bezeechent.