D'Marie-Jeanne Bécu gebuer den 19. August 1743 zu Vaucouleurs am Departement Meuse a Loutrengen, a gestuerwen den 8. August 1793 zu Paräis, besser bekannt als Madame du Barry war eng Courtisane a Maîtresse vum Louis XV. vu Frankräich.

Madame du Barry
Gebuertsnumm Jeanne Bécu
Gebuer 19. August 1743
Vaucouleurs
Gestuerwen 8. Dezember 1793
Paräis
Doudesursaach Käppen
Nationalitéit Frankräich, Éischt franséisch Republik
Aktivitéit Maîtresse, Konschtsammler, Modist, Verkeefer
Famill
Liewenspartner(in) Louis XV. vu Frankräich

Si war d'Duechter vun der Anne Bécu, enger Néiesch an héchstwahrscheinlech vum Jean-Jacques oder Jean-Baptiste de Vaubernier, engem Mënch aus dem Klouschter vu Picpus zu Paräis.

Si krut eng exzellent Ausbildung bei de Schwëstere vu Sainte-Maure vun 1753 un, déi si dem Nicolas Rançon ze verdanken hat, engem Fournisseur vu Liewensmëttel vun der Arméi mat dem sech hir Mamm am Joer 1749 bestuet hat. 1758 ass si mat hire Studie fäerdeg, verkeeft am Ufank Parécken zu Paräis, a gëtt duerno Déngschtmeedche vun enger Famill vu Fermiers généraux, wat hir erlaabt, sech d'Personalitéite vun der héijer Gesellschaft unzekucken. Duerno war si Vendeuse am Kleedergeschäft La Toilette zu Paräis.

De Jean du Barry gouf op si opmierksam, wéi si grad emol 19 Joer hat. Nodeem si seng Maîtress gi war, war si och eng Nobel-Prostituéiert ënner verschiddenen Nimm, ënner anerem als Mlle Langes. Bei engem Diner huet de Jean du Barry virun engem Valet vum Kinnek vu senger Maîtresse geschwärmt. Dat krut de Louis XV. natierlech mat, an am Joer 1768 wollt hie si onbedéngt kenneléieren. De Jean du Barry an de Richelieu hate wuel de Projet si als Maîtresse um Haff anzesetzen, fir de Louis XV. dozou ze bréngen, hiren ale Feind de Minister Choiseul erauszegeheien. Sou huet de Kinnek dës jonk Fra kennegeléiert, där hir Perséinlechkeet duerch Philosophie- a Literaturcourse raffinéiert gi war.

Den ale Louis XV. war vun hirer Schéinheet begeeschtert. Nodeem hien iwwer hir wierklech sozial Ëmstänn Bescheed wousst, huet hien drop bestanen, datt si en Titel misst kréien. Fir e Rang um Haff ze kréien, gouf si mam Guillaume du Barry bestuet, dem Brudder vum Jean du Barry dee scho bestuet war, an zu Toulouse gelieft huet. Den 1. September 1768 gouf aus der Marie-Jeanne Bécu offiziell d'Madame du Barry, en Titel dee si bis dohin och schonn illegal benotzt hat. Si gouf dem Haff am Abrëll vum Joer 1769 virgestallt.

D'Madame du Barry huet net versicht, eng politesch Roll ze spillen; si huet de Kinnek als Remplaçante vun der Madame de Pompadour zefridde gestallt. Si krut eng immens Rent, deier Bijouen a verschidden Territoiren (Louveciennes, net wäit ewech vu Marly-le-Roi, a Saint-Vrain). Si huet versicht, sech mat all Mënsch gutt ze halen, an de Voltaire deem si zwéi Kusse mat der Post geschéckt hat, huet hir follgend Äntwert geschriwwen:

Quoi, deux baisers sur la fin de la vie !
Quel passeport vous daignez m'envoyer !
Deux, c'est trop d'un, adorable Égérie,
Je serai mort de plaisir au premier.

De Choiseul huet awer kee Geheimnis draus gemaach, datt hien d'Favorite net gebrauche konnt. Hien huet divers Lidder a pornographesch Schrëften (L'Apprentissage d'une fille de modes; L'Apothéose du roi Pétaud) iwwer si verbreede gelooss an ugestëppelt. D'Madame du Barry huet sech dunn dem Parti dévôt zougewand, mä de Choiseul schéngt onuntaaschtbar ze sinn. D'Hochzäit vum Dauphin Louis XVI. an der Marie-Antoinette war säi Verdéngscht. D'Marie-Antoinette, nodeem si iwwer d'wierklech Relatioun tëscht der du Barry an dem Kinnek Bescheed wees, ka si och net gebrauchen. 1771, um Héichpunkt vu senger Faveur, war et der du Barry gelongen, de Choiseul erausgeheien ze loossen, wat den Haass vun der Marie-Antoinette nëmme vergréissere konnt.

Nodeem de Louis XV. wousst, datt hie Syphilis hätt, huet hien d'du Barry an d'Abtei vu Pont-aux-Dames geschéckt, wou si a grousser Frëmmegkeet gelieft huet. Am Oktober 1776 huet si d'Abtei nees verlooss, a sech definitiv zu Louvenciennes néiergelooss. 1789, beim Ausbroch vun der Revolutioun, huet si sech ëm blesséiert royalistesch Zaldote gekëmmert, woufir hir d'Marie-Antoinette an engem Bréif Merci gesot huet.

Hir Vergaangenheet huet si suspekt fir d'Republikaner gemaach, mä si approuvéiert ëffentlech de politesche Changement, op aus Angscht oder Iwwerzeegung ass net gewosst. Zu London, wou si sech opgehalen huet, krut si d'Noriicht vum Louis XVI. sengem Doud. Si huet ëffentlech getrauert, wat Spioune vun der Republik matkritt hunn.

1791 goufen hir wäertvoll Bijoue geklaut. Wuel ouni sech bewosst ze sinn, wat dat fir Konsequenze kéint hunn, huet si alles a Beweegung gesat, fir hir Bijouen zeréckzefannen. Hire Räichtum, d'Relatiounen déi tëscht hir an den Emigranten ugeholl ginn, an hir Konditioun als fréier kinneklech Maîtresse hunn aus hir e perfekt Zil fir d'Revolutionäre gemaach. Si gouf zum ennemi de la Révolution deklaréiert, an no engem Prozess gouf si den 8. Dezember 1793 guillotinéiert. An hire leschte Momenter war si ganz schwaach, an huet vill Leit verroden, déi duerno och ënner der Guillotine gestuerwe sinn.

Literatur zum Theema änneren

D'Madame du Barry am Film änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Madame du Barry – Biller, Videoen oder Audiodateien