Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
MS Deutschland
Technesch Donnéeën (Iwwerbléck)
Schëffstyp: Passagéierschëff
Gebraucht fir: Croisièren
Proprietär: Peter Deilmann Reederei
Tonnage: 22.400 BRT
Maschinnen: 4 Haaptmotoren
Total Leeschtung: 12.320 kW, 16.750 PS
Längt (i.W.): 175,00 m
Breet(i.W.): 23 m
Déifgang: 5,60m
Reesvitesse: 21 Kniet
Passagéierkapazitéit: 520
Equipage: 280
Zuel vu Kabinnen: 302
Baujoer: 1998
Bauwerft: HDW, Kiel
Baunummer: 328
Bauufang: 1. Dezember 1996
Fäerdeggestallt: 1. Mee 1998
Gedeeft: 4. Mee 1998
Registréiert: Däitschland
Doheem: Neustadt in Holstein
Bordsprooch/Wärung: Däitsch/Euro
Haaptrestaurantën: 2
Buffetrestauranten: 1
Baren: 5
Zuel vu Schwämmen: 2
Whirlpoolen: 2, dovun 1 bannen
Liften: 3
Quell: Reederei Peter Deilmann

D'MS Deutschland, déi den 11. Mee 1998 zu Kiel vum deemolege Bundespresident Richard von Weizsäcker gedeeft gouf, ass d'Flaggschëff vun der däitscher Reederei Peter Deilmann Reederei GmbH & Co. KG.

D'Schëff gouf och duerch d'ZDF Televisiouns-Serie Das Traumschiff bekannt.

D'Schëff änneren

Déi héich klasséiert an exklusiv „MS Deutschland“ ass 175 Meter laang, 23 Meter breet an huet op sengen zéng Schëffsdecker Plaz fir 294 Kabinnen, e Salzwaasserpool um Deck, e Pool am Schëff, dräi Restaurantën, e Kino, eng Bibliothéik a souguer e Golf.

Am Berlitz Guide fir Croisièren, verfaasst vum Douglas Ward, gëtt d'Schëff elo net méi, wéinst Differenze mam Reeder, mat Punkte bewäert, wat de Vergläich mat anere Croisièreschëffer schwéier mécht.

D'„MS Deutschland“ mécht hir Croisièren duerch d'ganz Welt. Traditionell ginn an de Summerméint d'Norwegesch Fjorden an d'Ostséi besicht. Am Fréijoer an am Hierscht ass d'Schëff gewéinlech am Mëttelmier an am Gebitt vun de Kanareschen Inselen. Am Wanter stinn exotesch Ziler, wéi Südafrika, Asien an d'Karibik um Programm.

Aner Schëffer vun der Reederei änneren

  • MS Berlin, (Croisièren)
  • Mozart, (Flosscroisièren)
  • Donauprinzessin, (Flosscroisièren)
  • Casanova, (Flosscroisièren)
  • Heidelberg, (Flosscroisièren)
  • Dresden, (Flosscroisièren)
  • Katharina von Bora, (Flosscroisièren)
  • Frederic Chopin (Flosscroisièren)
  • Cezanne (Flosscroisièren)
  • Princesse de Provence, (Flosscroisièren)

Literatur änneren

  • Ward, Douglas: Berlitz Complete Guide to Cruising & Cruise Ships 2006, ISBN 981-246-739-4
  • Herbst, Christoph Maria: Ein Traum von einem Schiff, Eine Art Roman, Scherz Verlag, Frankfurt am Main, Dezember 2010, ISBN 3651000060

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: MS Deutschland – Biller, Videoen oder Audiodateien