Den MMT-Observatoire (englesch MMT Observatory oder MMTO) ass en astronomeschen Observatoire um Site vum Fred-Lawrence-Whipple-Observatoire (Code UAI 696), um Mount Hopkins am l'Arizona an den USA, eng ronn 55 km südlech vun Tucson) an de Santa Rita Mountains. Den Observatoire gëtt vun der University of Arizona an der Smithsonian Institution bedriwwen, an huet eng ulafplaz fir de Public an der Nopeschstad Amado.

Den MMT-Observatoire

Am Observatoire steet de Multiple Mirror Telescope resp. Magnum Mirror Telescope e Spigelteleskop mat 6,5 m Duerchmiesser.

Den MMTO verwierklecht nei Konzepter am Bau vu Groussteleskopen. Mat dem BTA-6 am Selentschuk-Observatoire war et ee vun den éischte Groussteleskope mat azimutaler Montéierung, déi haut Standard fir grouss Teleskopen ass. Vu bausse weist et amplaz vun enger klassescher Kuppel en ontypescht Gebai, wou d'Wänn an den Daach ewechgeréckelt kënne ginn. Doduerch passt sech den Teleskop séier un d'Temperatur vun der Ëmgéigend un a kann ongestéiert vun thermeschen Turbulenze Biller maachen.

Den Haaptspigel huet an der Zäit vun 1979 bis 1998 aus 6 eenzele Spigelelementer mat engem Duerchmiesser vu jee 1,8 m bestanen, wat dem Teleskop säin éischten Numm ginn huet. Déi sechs Spigele waren am Ufank fir militäresch Satellitte virgesinn. Wéi s'awer dofir net gebraucht goufen, konnte se fir d'astronomesch Fuerschung agesat ginn. No 1998 gouf den MMT mat engem Haaptspigel aus engem Stéck, wourop sech säin neien Numm bezitt, ekipéiert an 2000 nees a Betrib geholl.

Enn 2002 gouf dem Teleskop en neiaartege verformbare Sekundärspigel bäigesat, deen eng adaptiv Optik realiséiert. Dee kompenséiert atmosphäresch Stéierunge bei der Observatioun. Am Géigesaz zu aneren adaptiven Optiken, déi separat ausgefouert ginn, ass hei d'Zuel vun den opteschen Elementer am Stralegank minimiséiert, wat zu ganz gudde Biller bei Observatiounen am Infrarout-Beräich féiert.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren