Mýkonos

griichesch Insel
Dëse Geographiesartikel iwwer Griicheland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Mýkonos (griichesch Μύκονος) ass eng griichesch Insel vun de Kykladen, südëstlech vu Tinos.

Eng roueg Plaz beim Hafen
Vue op Mýkonos
D'Mascotte vun der Insel, de Petros
Déi bekannt Wandmille vu Mýkonos
Plaz op Mýkonos

Si ass bis zu 20 × 14 km grouss a bedeckt eng Fläch vu 86 km². D'Insel besteet aus enger waasseraarmer Granitfläch an zielt 5.200 Awunner (2002). Den héchste Punkt läit op 364 m. D'Haaptagglomeratioun ass Mýkonos, eng Uertschaft, déi op der Westküst läit. Ëm Mýkonos leie schéi Plagen, déi vu reegelméissege Busverbindunge profitéieren.
Mýkonos ass eng vun de meescht besichte griicheschen Inselen, mat gutt ausgebauten touristeschen Infrastrukturen. Daagsiwwer komme vill Visiteuren op Mýkonos. Et gëtt vill Butteker, (Souvenirsgeschäfter, Bijouterien a Kleederbutteker) an een Akafsbummel lount sech. Fir gutt Iessen an Drénken an de ville klengen Tavernen ass beschtens gesuergt. Och d'Nuetsliewe bléit.

Verkéiersverbindungen änneren

Mýkonos huet en eegene klenge Fluchhafen an et besti Färverbindunge mat dem Piräus, Delos an anere griicheschen Insele vun der Grupp vun de Kykladen.

Kuckeswäertes änneren

D'Wandmille vu Mýkonos si souzesoe weltbekannt a figuréieren op allen touristesche Prospekter. Déi schmuel Gässelen, besonnesch rondrëm de klengen Hafe mat senge ville Jachten, verdéngen, datt een derduerch trëppelt.
Op der Insel gëtt et och e Peelikan, de Petros, dee vun den Awunner an den Touriste gefiddert a vu jiddwerengem geknippst gëtt. De Petros ass haut och net méi eleng, mä huet Nokomme kritt. D'Peelikanen déi ongenéiert bis an d'Geschäfter trëppelen, sinn neierdéngs d'Maskott vun der Insel ginn.

Um Spaweck änneren

Commons: Mykonos – Biller, Videoen oder Audiodateien