Mílos (an eeleren Transkriptiounen och Mélos) ass eng Insel vun den Kykladen am Ägäesche Mier. Se läit am westlechen Deel vun der Inselgrupp op hallwem Wee tëscht Athen a Kreta. Mílos ass 151 km² grouss an huet 3.500 Awunner.

D'Haaptstad vun der Insel ass Plaka a läit uewen der Hafestad Adamas. Aner Uertschafte sinn Tripiti, Triovassalos an Pollonia.

Op der Insel Mílos ass d'Venus vu Milo fonnt ginn, vun där d'Original am Louvre zu Paräis ze gesinn ass. Zu Plaka steet eng Kopie dovun am archeologesche Musée.

An der Zäit vum Peloponnesesche Krich, am 5. Joerhonnert virun eiser Zäitrechnung, war et Melos, wéi et déi Zäit genannt gouf, dat sech Athen widdersat hat an doropshin eruewert a gekniecht gouf. D'Beschreiwung dovun ass beim Thukydides am Melierdialog ernimmt.

Um Spaweck änneren

Commons: Milos – Biller, Videoen oder Audiodateien