E Mëttelaltermaart ass e Maart mat Volleksfestcharakter an enger vum Mëttelalter inspiréierter Ambiance.

Maartstänn
Rëschtungen a Waffe fir ze vekafen
Handwierksdemonstratiounen
Camp
Schaukampf
Gaukler
Musek aus der Mëttelalterzeen

Op deene wéinegste Mëttelaltermäert geet et ëm e wierklech authentescht Nostelle vun engem Maart aus där vergaangener Epoch. Zwar sinn d'Maartleit an aner Matwierkend, wéi och en Deel vun de Visiteuren, a Kostümer gekleed déi mëttelalterlech wierken, mä déi meescht vermësche fantasievoll op d'mannst verschidden Elementer aus verschiddenen Epochen oder verschiddene Vëlker (et siefe just Gummissuelen oder Wikingerdrénkhare genannt) a just e puer beméie sech ëm an allen Hisiichte prezis rekonstruéiert Gezei.

Verbreedung änneren

An Europa sinn d'Mëttelaltermäert Enn der 1980er Joren opkomm, mä eréischt an den 2000er Joren hu se eng allgemeng Popularitéit erreecht. Wann der am Joer 2004 an Däitschland eng 300 waren, sou ass déi Zuel bis 2010 op iwwer 1.000 geklommen[1].

Wueren an Ënnerhalung änneren

Zum Verkaf gi gemenkerhand Konschthandwierkswueren, Esoterikprodukter, traditionell produzéiert Iesswueren, Liederwueren, Keramik, a méi oder manner trei Replike vu mëttelalterleche Waffen a Kostümer, ugebueden.

Op verschiddenen Evenementer kann een Handwierker nokucke wéi se hir Wuere produzéiren. Fir Animatioun ginn dacks Museksgruppen aus der Mëttelalterzeen engagéiert, heiansdo och Gaukler oder Schaukämpfer.

Et gëtt normalerweis och Stänn mat Iessen (meeschtens traditionelle Kascht) a Gedrénks (z. B. Met).

Mëttelaltermäert zu Lëtzebuerg änneren

Déi bekanntst si wuel:

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Pfalzis Marktkalendarium