Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


D'Mënschenafen (Hominidae) sinn eng Famill aus der Uerdnung vun de Primaten.

Mënschenafen
Bonobo (Pan paniscus)

Bonobo (Pan paniscus)
Bonobo (Pan paniscus)
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Mamendéieren
Uerdnung: Primaten
Ënneruerdnung: Afe mat dréchenen Nuesen
Famill: Mënschenafen
Wëssenschaftlechen Numm
Hominidae
Gray 1825
Ënnerfamilljen

Orang-Utan-Afen
Homininae

Mënschenafen orientéiere sech mat no vir gerichten An. Hir Hänn a Féiss hu Fangeren an Zéiwe mat Neel a sinn un d'Gräifen ugepasst. Si hu kee Schwanz an hir Äerm si méi laang wéi d'Been. D'Schëller ass immens beweeglech an d'Gehier grouss a komplex. All Aarte kënnen op zwéi Féiss stoen. Déi afrikanesch Aarten Schimpans a Gorilla, déi sech heefeg um Buedem ophalen, lafen awer op véier Patten a stäipen d'Äerm mat de Knächel of.

Dee gréissten a stäerkste Mënschenaf ass de Gorilla. Den Orang-Utan ass am Géigesaz zu deenen anere Mënschenafen en Eenzelgänger an de Schimpans ass eng intelligent a virwëtzeg Aart.

Systematik änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Hominidae – Biller, Videoen oder Audiodateien