Mëllechstrooss

Spiralgalaxis, déi d'Heemecht vun eisem Sonnesystem ass

D'Mëllechstrooss ass déi bandfërmeg Ophellung um Nuetshimmel, déi laanscht engem Grousskrees d'Himmelskugel ëmspaant. De Begrëff steet geleeëntlech och als kuerz Bezeechnung fir de Mëllechstroossesystem selwer, och "eis Galaxis" genannt. D'Stäresystem vum Typ vun enger Balkespiralgalaxie ass d'Heemecht vun eisem Sonnesystem. Aner extragalaktesch Stäreninsele ginn och Galaxië genannt.

Sou kéint d'Mëllechstrooss sech engem Observateur duerstellen, dee vu baussen dropkuckt.

Geschicht änneren

Schonn an der Antiquitéit war d'Mëllechstrooss als hell, schmuel Sträif um Nuetshimmel bekannt. Eng antik griichesch So erzielt vun enger Gëttin Hera, déi hire Stéifjong Herakles geniert huet. Wéi deen awer e bësschen ze vill rabiat zougebass huet, ass d'ganz Mëllech iwwer den Himmel gesprëtzt ginn. Aus dem griichesche Wuert „Gala“ (Mëllech) entwéckelt sech de griichesche Begrëff γαλαξίας, (galaxías).

Déi afrikanesch San hu fir d'Mëllechstrooss e poeteschen Numm: „D'Réckkräiz vun der Nuecht“.

Eréischt am Joer 1609 konnt de Galileo Galilei duerch Observatioune mam Teleskop déi richteg Natur vun der Mëllechstrooss entdecken, a si op d'mannst deelweis an eenzel Stären opléisen.

Zur éischter Virstellung vun der Scheiweform koum de Wilhelm Herschel am Joer 1785 opgrond vu systematesche Stärenzielungen (Stellarstatistik).

Opbau vun der Galaxis änneren

Allgemeng Struktur änneren

 
Infrarotfoto vun der Mëllechstrooss vum Satellit COBE gemaach. D'Scheif an déi zentral Bëlz sinn z'erkennen.

D'Mëllechstroossesystem ass eng véier- oder fënnefäermeg Balkespiralgalaxie. Si besteet aus ronn 300 Milliarde Stären an aus grousse Quantitéite vun interstellarem Material, déi nach eng Kéier 600 Millioune bis e puer Milliarde Sonnemassen ausmaachen. D'Mass vum bannenzege Beräich vun der Galaxis gëtt mat ongeféier 3,6×1041 kg gerechent. Hir Ausdeenung um galaktesche Plang bedréit ronn 100.000 Liichtjoer (30 kpc), d'Déckt vun der Scheif ass ronn 3.000 Liichtjoer (920 pc) an déi vun der zentraler Bëlz (engl. Bulge) ronn 16.000 Liichtjoer (5 kpc).

D'Dunn bilt mat der Verbindungslinn vum Sonnesystem zum Zentrum vun der Mëllechstrooss e Wénkel vu 45°. D'Mëllechstrooss ass also warscheinlech eng Balkespiralgalaxie vum Hubble-Typ SBc. No enger Bestëmmung mat Hëllef vum Infrarout-Weltraumteleskops Spitzer ass d'Balkestruktur mat enger Ausdeenung vu 27.000 Liichtjoer iwwerraschend laang.

D'Totalmass von der Mëllechstrooss gëtt op 1,9 Billioune Sonnemasse geschat, domat ass si déi mat Ofstand masseräichst Galaxie vun der lokaler Grupp (vgl. Andromedaniwwel: 1,2 Billiounen).

Galakteschen Halo änneren

Ronderëm d'Galaxis ass ee kugelfërmege galakteschen Halo mat engem Duerchmiesser vu ronn 165.000 Liichtjoer (50 kpc), eng Aart vu galaktescher „Atmosphär“. An him sinn nieft de ronn 150 Kugelstärekéip nëmmen nach al Stären, dorënner RR Lyrae-Verännerlecher, a Gas mat niddreger Dicht. Ausname sinn déi waarm Blue Straggler-Stären. Dozou kënnt eng grouss Mass vum donkeler Matière mat ronn 1 Billion Sonnemassen, dorënner och sougenannte MACHOen. Anescht wéi d'galaktesch Scheif ass den Halo bal ouni Stëbs an huet bal nëmmen al Stären, metallarm Stärepopulatiounen, deenen hiren Orbit ganz staark géint de galaktesche Plang gekrëmmt ass.

Galaktesch Scheif änneren

De Groussdeel vun de bannenzege Stäre vun der Galaxis sinn zimmlech gläichméisseg op der galaktescher Scheif verdeelt. Si enthält am Géigesaz zum Halo virun allem Stäre vun der Populatioun I, déi sech duerch en héijen Undeel schwéier Elementer auszeechnen.

D'Lag vun eiser Sonn an der Mëllechstrooss änneren

 
Déi direkt Ëmgéigend vun der Sonn (Moossstaf 200 Lj.)

D'Sonn ëmkreest den Zentrum vum Mëllechstroossesystem an engem Ofstand vu 25.000 bis 28.000 Liichtjoer an ass ronn 15 Liichtjoer nërdlech der Mëttelgläich vun der galaktescher Scheif banne vum Orion-Arm, an engem zimmlech stëbsfräie Raumgebitt, dat als "Lokal Blos" bekannt ass. Fir een Ëmlaf ëm den Zentrum vun der Galaxis, dat Galaktescht Joer, brauch si 220 bis 240 Millioune Joer, wat enger Rotatiounsvitesse vu ronn 220 km/s entsprécht. D'Erfuerschung vun där Rotatioun ass bei ville Stären duerch d'Observatioun vun der Eegebeweegung an der Radialvitess méiglech. Aus hinne gouf ëm 1930 d'Oort-Konstant ofgeleet.

Alter änneren

No Miessungen aus dem Joer 2004 ass d'Mëllechstroossesystem ongeféier 13,6 Milliarde Joer al. D'Genauegkeet vun dëser Ofschätzung, déi d'Alter unhand vum Berylliumundeel vu verschiddene Kugelstärekéip bestëmmt, gëtt mat ronn 800 Millioune Joer uginn.

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Mëllechstrooss – Biller, Videoen oder Audiodateien