D'Griichesch Mythologie kennt dräi Figure mam Numm Lynkeus (wat sou vill heescht wéi: dee mat de Luchsaën, vun: gr. lynx = "Luchs").

  • Deen éischte war de Jong vum Aigyptos, deen als eenzege vu 50 Bridder an der Hochzäitsnuecht net vu senger Fra Hypermestra erstach ginn ass. E war de Papp vum Abas. Verschidde Quellen erzielen de Lynkeus hätt den Danaos a seng Famill ëmbruecht fir den Doud vu senge Bridder ze rächen.
  • Deen zweete war de Jong vum Aphareus an der Arene, Brudder vum Idas. En huet un der Kalydonescher Juegd an um Zuch vun den Argonauten deelgeholl an sech duerch en ongewéinlech schaarfe Bléck ausgezeechent, deen duerch all Géigestänn duerch gaangen ass. An engem Stäit mat den Dioskuren huet den Idas de Kastor an de Polydeukes de Lynkeus ëmbruecht. Doropshin huet den Zeus den Idas mat engem vu senge Blëtzer erschloen.
  • Deen drëtte war e Compagnon vum Aeneas op senger Rees vun Troja an Italien. En ass vum Turnus ëmbruecht ginn.
Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.