Lycée Bouneweg (Tramshalt)
Lycée Bouneweg ass eng Halt op der Linn T1 vum Stater Tramsreseau, déi den 11. September 2022 opgaangen ass. Bis de 7. Juli 2024 ass se den provisoresche Terminus um südleche Wupp vun der Linn.
Typ | Tramshalt |
---|---|
Status | am Gebrauch |
opgaang | 11. September 2022 |
genannt no | Lycée technique de Bonnevoie |
Lag vun der Statioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Bouneweg-Süd |
Koordinaten | 49°35'24,47"N, 6°8'19,00"O, 49°35'25,94"N, 6°8'18,78"O |
Reseau | |
Bedreiwer | LuxTram |
Reseau | Stater Tram |
Linn(en) | Luxtram-Linn T1 |
Gleiser mat Quai | 4 |
Nopeschstatioun(en) |
Leschte Steiwer / Dernier Sol, Scillas |
D'Tramshalt ass en Deel vum Pôle d'échange Lycée Bouneweg.
Lag vun der Statioun änneren
D'Statioun läit an der Rue de Houffalize am Quartier Bouneweg-Süd vun der Stad Lëtzebuerg, tëscht de Statiounen Leschte Steiwer / Dernier Sol am Norden a Scillas am Süden.
aus Richtung | virdrun | Statioun | duerno | a Richtung |
---|---|---|---|---|
Findel Aéroport[1] | Leschte Steiwer / Dernier Sol | Lycée Bouneweg | Scillas | Stadion[1] |
D'Statioun läit net wäit ewech vum Lycée technique de Bonnevoie, no deem s'och genannt ass.
Infrastruktur änneren
D'Halt huet 2 zentral Quaie mat am ganze 4 Gleiser. Déi baussenzegt Gleiser (Quai A op der ëstlecher a Quai D op der westlecher Säit) si Stompgleiser, iwwerdeems déi zwéin de 7. Juli 2024 a Richtung Stadion weiderlafe wäerten. D'Quaie si mat Tramshaisercher an elektroneschen Informatiounspanneauen ekipéiert. D'Halt ass fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit accessibel.
Bei der Statioun huet een Uschloss op AVL an RGTR-Buslinnen (Halt: Lycée Bouneweg / PE) a beim Lycée gëtt et eng Vel'oH!-Statioun.
Biller änneren
Kuckeswäertes an der Ëmgéigend änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Lycée Bouneweg (Tramshalt) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten änneren
- ↑ 1,0 1,1 geplangt fir am Laf vun 2024 (cf Tronçon D | Luxtram.lu – Un tram pour la Ville de Luxembourg, gekuckt den 10. Juli 2023