E Lycée ass, am Prinzip, eng Secondairesschoul.

Deen Typ vun ëffentlecher Schoul gouf ënner dem Consulat vum Generol Bonaparte mam Gesetz vum 11. Floréal vum Joer X agefouert, fir zukënfteg gutt Staatsbeamten an Offizéier fir de franséische Staat ze produzéieren. Donieft hu weiderhi sougenannt Collèges bestanen, déi vun enger Gemeng oder vu Privatpersoune finanzéiert a kontrolléiert goufen.

De Begrëff Lycée geet op dem griichische Philosoph Aristoteles seng "Schoul" zu Athen zeréck. Déi "Schoul" war a Wierklechkeet ee Gymnasion (Sportsanlag) am Nordoste vun Athen, deen no engem hellege Bësch, wou de Gott "Apollon Lykeios" (a Wollefsgestalt < gr. "lykos" = Wollef) veréiert gouf, Lykeion geheescht huet.

Deen Typ vu Schoul ass ënner dem Napoléon I. sengem imperiale Regime och deelweis an den eruewerte Gebidder verbreet ginn.

An de Benelux-Länner gëtt et zanter 1816-1817 sougenannt Athénées. Deen Typ vu Secondairesschoul gouf vum deemolegen hollännesche Regime, ënner dem Wëllem I., an deene Provënzhaaptstied ageriicht, déi keng Universitéit haten (z. B. Bruges, Bréissel, Mons a d'Stad Lëtzebuerg, sou wäit d'Groussherzogtum Lëtzebuerg wéi eng hollännesch Provënz behandelt gouf).

De Lycée zu Lëtzebuerg änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

De Lycée a Frankräich änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Haut steet de Begrëff "Lycée" a Frankräich just fir den ieweschten Zyklus vum Secondaire. Den ënneschten Zyklus gëtt Collège genannt.

Literatur änneren

  • Yves Gaulupeau, La France à l'école; Paräis (Gallimard; collection "Découvertes"), 1992; 192 S. (ill.). ISBN 2-07-053215-1
  • Claude Lelièvre, Histoire des institutions scolaires en France (1789-1989); Paräis (Nathan; coll. "Repères pédagogiques"), 1990.
  • Françoise et Claude Lelièvre, Histoire de la scolarisation des filles; Paräis (Nathan; coll. "Repères pédagogiques"), 1991.
  • Bernard Lehembre, Naissance de l'école moderne - Les textes fondamentaux 1791-1804; Paräis (Nathan; coll. "Repères pédagogiques").
  • Michel Schmit, Regards et propos sur l'enseignement supérieur et moyen au Luxembourg; Lëtzebuerg, Publications de la Section historique de l'Institut grand-ducal, Bd. CXVI (1999); 772 Säiten. ISBN 2-87977-013-0
  • Émile Krier, Métamorphoses de l'Athénée. Du Collège des Jésuites au Nouvel Athénée; Lëtzebuerg (Sankt Paulus), 1989.