De Luxor-Tempel läit direkt um Ufer vum Nil vu Luxor an Egypten.

Eng vun de Kolossalstatue vum Ramses II.

E gouf vum Amenophis III. an dem Ramses II. erbaut an der Triad vun Theben geweit. Zu der Triad geheieren d'Gëtter Amun, Chons a Mut.

Virun der Entrée stinn zwou Statue vum Ramses II. Zwou vu sechs Statuen sinn nach just erhalen.

Entrée vum Luxor-Tempel mam Obelisk an de Statuen

Vun deenen zwéin Obelisken déi do stoungen, ass elo nach just een do. Den anere steet zu Paräis op der Place de la Concorde a war e Kado vum Muhammad Ali u Frankräich am Joer 1836.

Bei d'Entrée féiert e Wee, laanscht dee stenge Figure stinn. Déi Figuren stelle Widdersphinxen duer, déi fréier déi zwéin Tempelen Luxor a Karnak matenee verbonnen hunn.

D'Entrée selwer, de Phylon, besteet aus zwou décken an héije Maueren. Déi weisen d'Kadesch-Schluecht géint d'Hethiter.

Hanner der Entrée läit den Haff vum Ramses II. Am ëstlechen Deel steet d'Moschee vum Abul Haggag, e Scheich aus dem 11./12. Joerhonnert.

All Joer fir Neijoerschdag gëtt do d'Opet-Fest gefeiert.

Portal Egyptopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer dat aalt Egypten.

Um Spaweck änneren

Commons: Luxor Temple – Biller, Videoen oder Audiodateien