Luxaviation
Luxaviation ass eng lëtzebuergesch Fluchgesellschaft, déi op Geschäftsflich (ë. a. Air-Taxi Servicer) spezialiséiert ass. Et ass, no Netjets (eng Filial vu Berkshire Hatheway vum Warren Buffet), deen zweetgréissten Organisateur vu Geschäftsflich op der Welt.
LUXAVIATION | |
---|---|
Gegrënnt: | 2008 |
ICAO-Code | LXA |
Ruffzeechen: | Red Lion |
Sëtz: | Lëtzebuerg |
Flott: | 11 (2017) |
Destinatiounen: | ganz Europa |
Grënner vun der Luxaviation Group ass de Patrick Hansen, mat Kapital ë. a. vum russesche Milliardär Nikolaj Bogaschew, via deem seng Firma Young Energy Prize (YEP). Méi spéit huet den China Minsheng Investment Group een Drëttel vum Kapital iwwerholl.[1]
Si besëtzt selwer wéineg Flijeren, wéi villméi Bedeelegungen (ganz oder majoritär) u Gesellschaften, déi am Organiséiere vu Flich a Privatflijeren Leader op hiren nationale Mäert sinn: Fairjets (Däitschland), Abelag (Belsch), IUnijet, London Executive Aviation (Vereenegt Kinnekräich), Masterjet (Portugal) an Execujet (Schwäiz).[1]
Am Juni 2017 hunn hir dës Flijere gehéiert:[2]
Fllijertyp | Zuel | bestallt | Remarquen |
---|---|---|---|
Bombardier Challenger 300 | 2 | ||
Bombardier Challenger 605 | 1 | ||
Bombardier Global Express | 1 | ||
Cessna Citation Excel/XLS(+) | 3 | ||
Embraer Legacy 600 | 3 | ||
Piaggio P.180 | 1 | ||
Total | 11 | – |
Literatur änneren
- Pierre Sorlut: "Hansen, Pauly et cash." in: d'Lëtzebuerger Land Nr.44, 1. November 2019, S.8.
Um Spaweck änneren
Commons: Luxaviation – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen änneren
- ↑ 1,0 1,1 Sortlt, P. (2019) an der Literatur.
- ↑ airframes.org – LXA Fleet