D'Lux-Post war eng gratis lëtzebuergesch Wochenzeitung, déi vun Editpress erausbruecht gouf.

Lux-Post
De Logo vun der Lux-Post
Typ Wochenzeitung
Sprooch Franséisch,
Däitsch
Éischt Ausgab 9. Oktober 1968
Lescht Ausgab Abrëll 2015
Land Lëtzebuerg
Editeur Editpress
Websäit http://www.lux-post.lu/

Si hat hire Sëtz zu Déifferdeng. Déi éischt Ausgab koum den 9. Oktober 1968 mat 38.000 Exemplairen an der Stad Lëtzebuerg an Ëmgéigend eraus an huet nëmmen aus Annonce bestanen. Et koumen awer scho geschwënn drop och redaktionell Artikelen dobäi. No e puer Joer ass d'Zeitung och am Norden, Süden an an der Muselgéigend erauskomm an huet sou eng Oplag vun 135.000 Exemplairen erreecht.

Déi lescht Ausgab koum an der Woch 17 am Abrëll 2015 eraus. Als Ersatz fir d'Lux-Post koum d'Zeitung Live in Luxembourg eraus.