De Lunar Prospector war eng US-amerikanesch Raumsond, déi vun 1998 bis 1999 den Äerdmound erfuerscht hat.

Lunar Prospector
De Lunar Prospector beim Opbau
Missioun Erfuerschung vum Äerdmound
Drorakéit Athena-II-Rakéit
Optrag vun der NASA
Startmass 300 kg (inklusiv Dreifstoff)
Start an Enn 6. Januar 199831. Juli 1999
Startplaz Cape Canaveral AFS Launch Complex 46

Missioun änneren

No de Resultater vun der Missioun Clementine war d'Zil vum Lunar Prospector kloer: Nowäis vu Waasseräis op de Pole vum Äerdmound.

D'Gewiicht vu Lunar Prospector war ronn 300 Kilogramm. D'Sond gouf mat enger Athena-II-Rakéit gestart. D'Missioun hat nëmme 62,8 Millioune US-Dollar kascht; dovun waren 34 Milliounen Dollar fir d'Sond a 25 Milliounen Dollar fir d'Dréierrakéit. Den Orbiter war mat sechs wëssenschaftlechen Experimente bestéckt. Als besonnescht „Laascht“ hat hien eng lëppestéftgrouss Kapsel mat e puer Gramm Äsche vum 1997 verongléckten Astronom Eugene Shoemaker. No Enn vun der Missioun war fir d'Sond e kontolléierten Opschlag um Mound virgesinn, bei deem si zerstéiert soll ginn. Dobäi soll méiglechst Waasseräis fräigesat ginn.

Verlaf änneren

Resultater änneren

Dem Lunar Prospector war et gelongen, de relativ sécheren Nowäis vu Waasseräis um Mound duerch Neutronespektroskopie ze bréngen. Et handelt sech dobäi ëm zirka véier Milliarden Tonnen um Moundnordpol an zirka zwou Milliarden Tonnen um Moundsüdpol. D'Äis läit net fräi, mä ass mat dem Gestengs vermëscht. Allerdéngs konnt beim Aschlag vum Lunar Prospector kee fräigesat Äis observéiert ginn. Den Opschlag war an engem onbenannte Krater an der Géigend vum lunare Südpol. Fir dësen Zilkrater gouf den Numm vum Shoemaker virgeschloen.

D'Sond hat och Date fir d'Opstelle vun enger globaler Äerdmoundkaart mat dem lunare Gravitatiounsfeld geliwwert, déi et erlaabt, nei Missioune méi sécher a mat manner Dreifstoff ze plangen (kuckt och: Mascon).

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren