De Lunar Orbiter 1 war déi éischt vu fënnef Moundsonde vum Lunar Orbiter Programm vun der US-Amerikanescher Weltraumorganisatioun NASA. Mat dem Lunar Orbiter Programm sollt den Äerdmound fotografesch erfaasst a kartographéiert gi fir sou Landeplaze fir d'Sonde vum Surveyor-Programm a fir kommend bemannt Moundlandung ze fannen.

Lunar Orbiter 1
Den Opbau vum Lunar Orbiter 1
Typ Äerdmoundsond
Land USA
Agentur NASA
Missiounszil Virbereedung fir bemannt Moundlandungen
Start 10. August 1966, 19:26 UTC
Startplaz ?
Drorakéit Atlas Agena D AC-10/290D
Missiounsenn 29. Oktober 1966

Missioun änneren

 
Foto vum Peek Krater duerch de Lunar Orbiter 1
 
Éischt Foto vum Mound mat der Äerd am Hannergrond

De Lunar Orbiter 1 war den 10. August 1966 u Bord vun enger Atlas Agena D gestart. Nom Erreeche vun der Parkbunn gouf d'Sond duerch Zünde vun den Dreifwierker op eng Bunn zum Mound bruecht. Dësen hat si 92 Stonnen nom Start erreecht a war dann an eng staark elliptesch Bunn vu ronn 189 km mol 1866 km ageschwenkt. Si war 12 Grad géint d'Ekliptik gebéit an hat eng Ëmlafdauer vun 3 Stonnen a 37 Minutten. Well déi meescht Landeplaze vun den nofollgende Sonden an der Equatorgéigend geplangt waren, war eng méi staark Schréi net néideg.

Den 18. August goufen déi éischt Biller iwwermëttelt. Den 21. an de 25. August gouf d'Ëmlafbunn wéi geplangt méi niddreg gemaach. Déi lescht Orbiter-Ëmlafbunn war dann 39-mol 1685 km. Bis zum Enn vun der Missioun (29. Oktober 1966 hat de Lunar Orbiter 187 Wäitwénkelfotoen an 42 Telefotoen opgeholl. Domat goufe 5 Millioune km2 vun der Mounduewerfläch fotografesch erfaasst. Weider goufen och déi zwou éischt Fotoe vun der Äerd aus Mounddistanz opgeholl.

Fir d'Kommunikatiounsweeër fir déi nofollgend Sond, Lunar Orbiter 2, fräizemaache gouf d'Sond den 29. Oktober, wärend hirem 577. Orbit kontrolléiert um Mound zum Ofstierze bruecht. Si war ongeféier bei 6,70 Grad Nërdlecher Breet an 162 Grad ëstlecher Längt opgeschloen.

Resultater änneren

Nieft den 229 Biller, déi iwwermëttelt goufe, hat een eng liicht birefërmeg Form vum Mound festgestallt. D'Mikrometeoritten-Experiment hat keng Aschléi verzeechent. D'Missioun war en Erfolleg.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Lunar Orbiter Programm – Biller, Videoen oder Audiodateien