Luna 3
Typ Äerdmoundssatellit
Land Sowjetunioun
Agentur UdSSR
Startmass 278,5 kg
Start 4. Oktober 1959
Enddatum 22. Oktober 1959
Startplaz Weltraumgare Baikonur
Drorakéit Wostok-Typ 8K72
Status vergloust

D'Luna 3 war déi drëtt erfollegräich Moundsond vun der Sowjetunioun.

Missiounsverlaf änneren

D'Raumsond gouf de 4. Oktober 1959 gestart an hat 278,5 Kilogramm gewien. Luna 3 hat am Géigesaz zu Luna 1 eng Kamera, mat där si spektakulär Fotoe vun der äerdofgedréiter Säit vum Äerdmound opgeholl hat, déi bis zu deem Zäitpunkt nach kee Mënsch gesinn hat. D'Bildqualitéit vun de Fotoe war net ganz gutt an et gouf Schwieregkeete bei der Signaliwwerdroung. D'Biller goufen u Bord entwéckelt a mat gewéinlecher Bildfunktechnik iwwermëttelt. Am Ganze goufen 29 Fotoe vun der Äerdmoundrécksäit gemaach, déi 70 Prozent vun der äerdofgedréiter Säit duerstellen. Allerdéngs goufen net all Fotoen erfollegräich op d'Äerd iwwerdroen. Déi essentiell Entdeckung war, datt op der äerdofgedréiter Säit déi hell Héichlänner géintiwwer den donkelen Déiffläche méi staark present ware wéi op der bekannter Säit a grouss Maria deemno feelen. Déi opfällegst Mareflächen déi Luna 3 fonnt huet, sinn d'Mare Moscoviense an dee besonnesch donkele Buedem vum Krater Tsiolkovskiy.

D'Sond war no enger Moundëmkreesung nees an d'Schwéierfeld vun der Äerd komm a war am Abrëll 1960 an der Äerdatmosphär vergloust. De Funkkontakt war schonn den 22. Oktober 1959 ofgebrach.

Luna 3 war e weideren Erfolleg vun der Sowjetunioun an enger Rei vu Premièren zum Raumfaartzäitalter.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Luna 3 – Biller, Videoen oder Audiodateien