De Luis Léon Sánchez Gil, gebuer de 24. November 1983 zu Mula an der Autonomer Gemeinschaft Murcia, ass e spuenesche professionelle Vëlossportler.

Luis León Sánchez
Gebuertsnumm Luis Léon Sánchez Gil
Gebuer 24. November 1983
Nationalitéit Spuenien
Aktivitéit Vëlossportler
Positioun oder
Spezialitéit
Puncheur
Gréisst 186 Zentimeter
Gewiicht 73 kg
Veräin/Ekipp Caja Rural-Seguros RGA,
Lotto NL-Jumbo,
Movistar,
ONCE,
Astana,
ONCE,
Bahrain-Merida,
Astana
De Luis León Sánchez bei der Presentatioun vum Tour de France 2010

Hien huet seng Profiscarrière 2004 bei der Ekipp Liberty Seguros ugefaangen a fiert zanter 2011 fir d'Ekipp Rabobank.

Hien huet de Paris-Nice vun 2009 gewonnen, d'Clásica vu San Sebastian 2010, war spuenesche Landesmeeschter am Zäitfueren an de Joren 2008 an 2010 a konnt sech bis ewell dräi Etappen um Tour de France ënner den Nol rappen an zwar am Tour vun 2008 am Tour 2009 an am Tour 2011.