Luis Aragonés
De José Luis Aragonés Suárez Martínez, dacks just "Luis" genannt, gebuer den 28. Juli 1938 zu Madrid an och do den 1. Februar 2014 gestuerwen[1], war e spuenesche Foussballspiller an -trainer.
Luis Aragonés | |
---|---|
Gebuertsnumm | José Luis Aragonés Suárez-Martínez |
Gebuer |
28. Juli 1938 Madrid |
Gestuerwen |
1. Februar 2014 Madrid |
Nationalitéit | Spuenien |
Aktivitéit | Foussballspiller, Foussballtrainer |
Positioun oder Spezialitéit | Stiermer |
Gréisst | 180 Zentimeter |
Veräin/Ekipp |
Real Madrid, Atlético Madrid, Spuenesch Foussballnationalekipp |
Karriär änneren
Als Spiller huet den Aragonés déi meeschten Zäit vu senger Karriär (1957-1974) beim Atlético Madrid verburecht an huet eelef Mol an der spunescher Nationalekipp gespillt, wou en dräi Goler geschoss huet. Duerno gouf en Trainer, fir d'éischt zu Madrid, duerno och beim FC Barcelona, FC Sevilla, Valencia CF, Espanyol Barcelona, Real Betis, Real Oviedo an RCD Mallorca.
International bekannt gouf den Aragonés als Trainer vun der spuenescher Nationaléquipe, mat där en d'Foussball-Europameeschterschaft 2008 gewonnen huet. Duerno war en nach eng Saison Trainer bei Fenerbahçe Istanbul.
Um Spaweck änneren
Commons: Luis Aragonés – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen änneren
- ↑ "Spaniens Erfolgstrainer Aragones gestorben." focus.de, 1. Februar 2014