Lucien Richard

lëtzebuergeschen Affekot, Magistrat, Verwaltungsdirekter a Politiker

De Jean Baptiste Lucien Richard, gebuer 1820[1] a gestuerwen de 17. Dezember 1900[2] war e lëtzebuergeschen Affekot, Magistrat, Verwaltungsdirekter a Politiker.

Lucien Richard
Gebuer 11. Februar 1820
Klierf
Gestuerwen 17. Dezember 1900
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Affekot, Riichter

Éier hien 1848 eng Nominatioun[3] als Substitut um Bezierksgeriicht vu Lëtzebuerg krut war hien Affekot zu Dikrech.

1850 krut hien eng Nominatioun[4] als Friddensrrichter vum Kanton Lëtzebuerg.

1860 krut hien eng Nominatioun als President vum Bezierksgeriicht vun Dikrech.

1867 krut hien eng Nominatioun[5] als Direkter vun der Administration des contributions directes et des accises.

1848 war hie Member vun der Assemblée constituante a vun 1848 bis 1856 Deputéierten an der Chamber[6].

Hie war vum 15. Mäerz 1871 bis zu sengem Doud Member vum Staatsrot.[7]

Hie war mat der Marie Caroline Heuardt betuet an hat dräi Kanner.[1]

Gielercher änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Säit op industrie.lu mam Grafstee vun der Famill Richard
  2. Annonce vum Doud vum Lucien Rischard am Luxemburger Wort vum 18. Dezember 1900 op eluxemburgensia.lu Archivéiert op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2013-02-03.
  3. Arrêté royal grand-ducal du 24 juillet 1948 contenant nomination de membres de l'ordre judiciaire. Mémorial Nummer 58 vun 1848, S. 469-471
  4. Arrêté royal grand-ducal du 4 octobre 1850, par lequel le sieur Lucien RICHARD est nommé juge de paix du canton de Luxembourg. Mémorial Nummer 95 vun 1850, S. 941-942.
  5. Arrêté royal grand-ducal du 10 avril 1867. Mémorial N° 24 - Zweeten Deel vum 4. Mee 1867 S. 198
  6. Nicolas Als, Robert L. Philippart: La Chambre des Députés, Histoire et Lieux de Travail, Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994
  7. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot