De Lucien Olivier (Люсьен Оливье), gebuer 1838 a gestuerwen 1883, war e russesche Chefkach mat franséisch-belschen Originnen. Als Koproprietär vum Moskauer Restaurant "Ermitage" huet hien uganks der 1860er Joren déi faméis Olivierzalot kreéiert, déi no him benannt ass.

Lucien Olivier
Gebuer 1838
Moskau
Gestuerwen 14. November 1883 jul.
Jalta
Nationalitéit Russescht Keeserräich
Aktivitéit Chefkach, Erfinder

Obwuel d'Haaptzutate vun der Zalot bekannt waren, huet hien drop gehalen se ëmmer selwer ze preparéieren an ni e Wiertchen iwwer dat geneet Rezept ze poteren, absënns net iwwer dat vum Dressing, an et krut och kee Gourmet se jee exakt nogekacht, wouduerch hien natierlech legendär gouf.

Wéi en dunn 1883 zu Moskau am Alter vu 45 Joer gestuerwen ass, huet hien d'Geheechnes vum Originalrezept mat an d'Graf geholl. E gouf um Wwedenskoje Kierfecht begruewen, mä laang Zäit wousst kee méi genee wou e louch, bis d'Graf am Mee 2008 erëmentdeckt gouf.

Grafstee vum Lucien Olivier

Um Spaweck änneren