Lucien Linden

belsche Botaniker

De Lucien Charles Antoine Linden, gebuer den 12. Dezember 1853 zu Ixelles, gestuerwen de 17. Oktober 1940 zu Boitsfort, war e belsche Botaniker.

Lucien Linden
Gebuer 12. Dezember 1853
Bréissel
Gestuerwen 17. Oktober 1940
Watermael-Boitsfort
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Botaniker, Entomolog, Explorateur
Famill
Papp Jean Linden
Geschwëster Gaston Linden

De Lucien Linden huet, wéi säi Papp, de Jean Linden, ënnersicht, wéi een d'Orchideeën an Europa am beschten ziichte kann. Eng Orchideeënaart, Paphinia lindeniana aus dem tropesche Südamerika, gouf no him benannt.

Méi spéit huet hie sech mat der Zuucht vu Kautschuk-Beem am Belsche Kongo a vu Kaffisplanzen op Java befaasst. Dobäi huet hien och mam Edouard Luja zesummegeschafft.

Hie war och 1904-1905 ee vun de Bedreiwer vun engem Projet, zu Lëtzebuerg e Spillcasino opzeriichten, wat awer vun der Regierung Eyschen refuséiert gouf, déi ëm de gudde Ruff vu Lëtzebuerg bei sengen Nopeschlänner, wou Casinoe verbuede waren, gefaart huet.[1]

No 1907 huet hie sech mam Traitement vun Ofwässer beschäftegt.

Säi Monni war den Nicolas Funck.

Referenzen änneren

  1. Bernard Thomas: "Le moment Omnium." d'Lëtzebuerger Land 68. Jg. Nr. 37, 17.09.2021, S.10-11.