Luc Besson

franséische Filmregisseur

De Luc Besson, gebuer als Luc Paul Maurice Besson den 18. Mäerz 1959 zu Paräis, ass e franséische Filmregisseur, Filmproduzent an Dréibuchauteur.

Luc Besson
Gebuertsnumm Luc Paul Maurice Besson
Gebuer 18. Mäerz 1959
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Filmproduzent, Filmregisseur, Dréibuchauteur, Schauspiller, Kannerbuchauteur, Filmediteur, Delegéierte Produzent, Regisseur
Famill
Bestuet mat Virginie Silla
Kanner Juliette Besson, Shanna Besson, Talia Besson, Mao Besson
De Luc Besson (2008)

Dem Luc seng Eltere waren Dauchmoniteuren am Club Med, a sou huet hie schonn als Jugendleche seng éischt Entwërf vu Le Grand Bleu geschriwwen, a mat 16 Joer vu Le Cinquième ÉLément, déi en allebéid méi spéit mat groussem Succès verfilme sollt.

Aner Filmer, mat deenen e Succès hat si Subway, Nikita, Léon, Jeanne d'Arc, oder d'Serie vum Arthur et le Minimoys. Och en ettlech Reklamms- a Musekclippe vun him hu grouss Bekanntheet kritt.

Zanter der Mëtt vun den 2000er Jore féiert de Besson manner Regie, mä konzentréiert sech op d'Produzéiere vu Filmer (wourënner d'Taxi-Serie, Taken oder Transporter, sou wéi och op aner, sozial engagéiert, Projeten.

Filmographie als Regisseur änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Luc Besson – Biller, Videoen oder Audiodateien