Louvain-la-Neuve, mat ronn 10.000 Awunner gehéiert zu der Stad a Gemeng Ottignies-Louvain-la-Neuve an der belscher Provënz Wallounesche Brabant.

D'Place de l'Université

Et ass déi jéngst Stad an der Belsch. Si gouf 1968 gegrënnt wéinst Sproocheproblemer tëscht de Flammänner an de Wallounen déi dozou gefouert hunn, datt d'Kathoulesch Universitéit vu Léiwen an zwee gespléckt huet misse ginn: een Deel fir déi flammännesch Studenten an een Deel fir déi franséischsproocheg zu Louvain-la-Neuve.

Hannergrënn zur Grënnung änneren

Bis an den Ufank vum 20. Joerhonnert huet d'Belsch als e franséischsproochegt Land gegollt. De Kinnek huet franséisch geschwat a sämtlech legal Texter sinn an der selwechter Sprooch verfaasst ginn. De Flammänner hir Kultur ass iwwerdeems ënnerdréckt ginn.

D'Flamänner hunn dowéinst ëmmer méi staark mobil gemaach fir eng Unerkennung vun hirer eegener Sprooch, d'Flammännesch, en hollänneschen Dialekt. D'Land huet sech an de Joerzéngten duerno ëmmer méi zu engem Federalstaat entwéckelt: Regiounen a Sproochcommunautéite si gegrënnt ginn, wat mat sech bruecht huet, datt d'Erzéiung eng communautaire Kompetenz gouf. Well Léiwen a Flandern läit, war et politesch net méi méiglech, do eng franséischsproocheg Universitéit ze hunn. Dofir huet d'Université catholique de Louvain sech misse vun der Katholieke Universiteit Leuven trennen. 1968 gouf de Grondstee fir en neien Universitéitskomplex, mat ronderëm enger neier Stad, geluecht: Louvain-la-Neuve.

Geographesch Situation änneren

Louvain-la-Neuve läit eng 25 Kilometer vu Bréissel ewech a forméiert mat Léiwen e gläichméissegen Dräieck. Direkt donieft leien d'Stied Ottignies a Wavre. D'Stad läit och direkt un der Autobunn Bréissel-Namur.

En neit Konzept fir eng Stad änneren

Louvain-la-Neuve soll als Beispill vun enger gutt organiséierter Stad zielen. Den Zentrum ass op enger bëtongser Plack gebaut déi tëscht zwéin Hiwwele läit. D'Autoe fueren a parken drënner, wärend den iwwerierdeschen Deel eng puer Foussgängerzon ass.

D'Stad huet och nëmmen e puer Kilometer Duerchmiesser, wat et hiren Awunner erlaabt, all Distanz zu Fouss ze maachen. D'Iddi war, datt eng Foussgängerstad fir méi Sécherheet a méi Convivialitéit suerge sollt, wat aus der Stad éischter en Duerf mécht wou jiddwereen, souwuel Studente wéi och soss Awunner, sech wuel fille soll.

D'Universitéit änneren

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Université catholique de Louvain.

Um Spaweck änneren

Commons: Louvain-la-Neuve – Biller, Videoen oder Audiodateien