De Louis Claude Desaulces de Freycinet, gebuer de 7. August 1779 zu Montélimar, a gestuerwen den 18. August 1842 zu Loriol an der Drôme war e franséischen Entdecker.

Louis de Freycinet
Gebuer 7. August 1779
Montélimar
Gestuerwen 18. August 1841
Loriol-sur-Drôme
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Geograph, Geolog, Naturalist, Explorateur, Botaniker
Member vun Académie des sciences

De Freycinet ass 1793 an d'franséisch Marinn agetratt an huet 1800 den Entdeckungsreesende Kapitän Nicolas Baudin an Australien begleet. Dës éischt Entdeckungsrees huet bis 1804 gedauert. Erëm doheem, krut hien d'Joer drop als Schëffsleutnant beim Depot vun der Marinn fir Kaarten a Pläng eng fest Plaz. 1817 huet hien de Kommando vum Schëff Uranie iwwerholl fir ozeanographesch Fuerschungen a Studien iwwer den Äerdmagnetismus am Pazifik ze maachen. No engem Tëschestop zu Rio de Janeiro ass en ëm de Kap vun der gudder Hoffnung gefuer, huet den Norde vun Australien, d'Marianen an d'Hawai-Insele besicht. Seng Fra Rose, déi als Matrous op d'Schëff geschmuggelt gi war, krut vun hirem Mann e spezielle Kaddo. Hien huet eng vun de Samoa-Inselen no hir genannt.

Op der Heemrees huet de Louis de Freycinet säi Schëff bei de Falkland-Insele missen opginn. En huet e Walfänger kaaft, a mat deem ass en heemgefuer.

1826 gouf hie Gouverneur vun der Martinique. Mä net laang drop, 1830, huet hie sech op säi Landsëtz Loriol zeréckgezunn, wou en den 18. August 1842 gestuerwen ass.

Nom Freycinet genannt änneren

D'Freycinet-Hallefinsel (Tasmanien), eng Insel am Pomotu-Archipel, haut Tuamotu-Archipel, e Kap op der australescher Westküst, eng Triichtermëndung un der australescher Ostküst, an eng Planz, d'Caulerpa Freycinetti, sinn no him genannt.

Wierker änneren

  • Voyage de découvertes aux terres australes pendant les années 1800-4. 4 Bänn an Atlas (2. Opl. Paräis 1824 - 1825)
  • Voyage autour du monde pendant les années 1817-20. 13 Bänn (Paräis 1824 - 1844)

Bicher zum Theema änneren

  • Jean-René Constant Quoy an de Joseph Paul Gaimard: 1824 Voyage autour du monde exécuté sur les corvettes de S.M. l'Uranie et la Physicienne, pendant les années 1817, 1818, 1819, et 1820, Paräis, Pillet Aîné.
  • Jacques Arago: Voyage autour du monde sans la lettre A, Den Arago, deen als Zeechner 1817 mat um Schëff war, huet 1853 zu Paräis en 33 Säite laangen Text an enger Broschür erausginn, an deem de Buschtaf A net gebraucht gouf.
  • Rose de Freycinet: Journal du voyage autour du monde à bord de l'Uranie (1817-1820), (Neidrock no der Editioun vun 1927) Paräis, Éditions du Gerfaut, 2003. (mat Illustratioune vum Arago)