De Louis Hennepin, gebuer am Joer 1626 oder 1640 zu Ath an der Grofschaft Hainaut an der Belsch (deemools d'Spuenesch Nidderlanden) an am Ufank vum 18. Joerhonnert zu Roum (Italien) gestuerwen, war e belsche Franziskanerpater (Récollet), Missionnaire, Entdecker an Auteur.

Louis Hennepin

De Virnumm “Louis” huet hie 1643 ugeholl, wéi hien an de Franziskaneruerden (Récollets) agetrueden ass. Seng Eltere waren de Gaspard Hennepin - Metzler zu Ath - an d'Norbertine Leleu. Dës Koppel hat siwe Kanner, zwee Meedercher a fënnef Bouwen, déi Antoine, Nicolas, Jacques an, déi zwéi lescht, Jean geheescht hunn. Wie vun hinne Franziskaner ginn ass, also dem “Louis” Hennepin entsprécht, doriwwer sinn d'Historiker sech net eens.[1]

Antoine Hennepin? änneren

Fir déi eng war et den Antoine, deen Eelsten, deen den 12. Mee 1626 zu Ath gebuer[2][3],[4] respektiv an der Kierch Saint-Louis gedeeft gouf.[5]

Jean Hennepin? änneren

Fir anerer war et de jéngste vun den zwéi Fissen, déi Jean geheescht hunn. Deen ass de 7. Abrëll 1640[1] zu Ath op d'Welt komm.[6]

Wéini de Louis Hennepin gestuerwen ass, ass och net genee gewosst: ongeféier 1705[2][3], 1704[7], kuerz no 1701.[8]

Als Missionnaire an Entdecker an Nordamerika änneren

De Louis Hennepin gouf 1675 als Missionnaire an Nordamerika geschéckt, wou hien un Expeditiounen deelgeholl huet, bei deenen hien ënner anerem bis bei d'Niagara-Waasserfäll an de Mississippi koum.

Aus lëtzebuergescher Siicht ass ervirzesträichen, datt den Hennepin ëm 1680 op senger Rees laanscht de Mississippi an eng Géigend komm ass, wou hien, wéi et heescht, op d'Iwwerreschter vun enger grousser Schluecht tëscht feindlechen Indianerstämm, Schanken an Doudekäpp, déi iwwerall um Buede verstreet waren, gestouss soll sinn. Hie soll dofir der Géigend an der Baach, déi do duerchgefloss ass, den Numm “Têtes des morts” ginn hunn.[9] Mat der Schreifweis "Tete Des Morts" sollt dat méi spéit den éischten Numm vun der Uertschaft St. Donatus (Iowa) ginn, wou sech am 19. Joerhonnert vill Lëtzebuerger Auswanderer niddergelooss hunn.

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Tremblay, Mylène, 2006. Edition critique du “Nouveau voyage” de Louis Hennepin. Première partie. Thèse de doctorat, Université Laval, Québec, S. 2-3. [www.theses.ulaval.ca/2006/23888/23888_1.pdf]
  2. 2,0 2,1 Henze, Dietmar, 2011. Enzyklopädie der Entdecker und Erforscher der Erde. Band 2: D-J. Wissenschaftliche Buchgesellschaft, Darmstadt, XVIII, 728 p. [Neuausgabe der Ausgabe Graz 1983], S. 566-567.
  3. 3,0 3,1 Jean-Roch Rioux: Hennepin, Louis (baptisé Antoine). In: Dictionnaire biographique du Canada en ligne. [1]
  4. Kuck: Louant, Armand: Le Cas du Père Louis Hennepin, récollet, missionaire de la Louisiane. 1626-170? ou Histoire d'une vengeance. Ath, Annales du Cercle royal d'Histoire et d'Archéologie d'Ath et de région et musées athois, 1980, 265 S.
  5. Le Pays d'Ath: L'histoire du Père Hennepin. Archivéiert op 2013-04-08. Gekuckt de(n) 2012-08-08.
  6. Dubé, Pauline, 1997. Édition critique de 'La morale pratique du jansenisme, ou appel comme d'abus. A notre souverain seigneur le pape Innocent XII. Interjetté par le R.P. Louis Hennepin, missionaire recollect, notaire apostolique & chapelain de son Altesse Electorale de Bavière.' Hennepin à Utrecht: un ultime combat. Thèse de doctorat, Québec, Université Laval, 1997, S. 3-4. [2]
  7. Dictionnaire encyclopédique Quillet, vol. 3: F-K. Paris, 1958, S. 2595 (1704 mat Froenzeechen).
  8. Catholic Encyclopedia (1914)
  9. Mississippi Valley Traveler