D'Lord's Resistance Army, LRA („Widderstandsarméi vum Här“) gouf 1987 gegrënnt an ass eng paramilitäresch Grupp ënner der Féierung vum Joseph Kony, déi am Norde vum Uganda géint d'Regierung vum Museveni a fir d'Aféierung vun enger Theokratie kämpft, déi op den Zéng Geboter baséiere soll.[1] D'LRA kritt eng ganz Rëtsch schwéier Verbrieche virgeworf. Nodeem Uganda d'LRA gréisstendeels verdreiwe konnt, terroriséiert se virun allem am Südsudan an an Haut-Uele, am Norde vun der Demokratescher Republik Kongo, d'Bevëlkerung,[2] woubäi se angeblech duerch de Sudan finanzéiert gëtt.

De Fändel vun der paramilitärescher LRA

Um Spaweck änneren

Commons: Lord's Resistance Army – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Uganda–Sudan: Interview with Vincent Otti, LRA second in command. IRIN, Juni 2007 an Uganda: Nature, structure and ideology of the LRA. IRIN, Mäerz 2009
  2. Divers Artikelen an der Nordkongolesescher Zeitung Itimbiry ya Sika