Long (Somme)

franséisch Gemeng am Departement Somme
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der franséischer Gemeng Long. Fir d'Organ fir z'ootmen, kuckt wgl. Long.

Long ass eng franséisch Gemeng am Departement Somme an der Regioun Hauts-de-France am Dall vun der Somme.

Long
Land Frankräich
Regioun Hauts-de-France
Departement Somme
Arrondissement Abbeville
Kanton Rue
Postcode 80510
Gemengecode 80486
Koordinaten 50° 02’ 20’’ N
      01° 58’ 43’’ O
Fläch  919 ha
Bevëlkerung  639 (2013)

Long ass bekannt duerch seng Torflager déi fréier an de Summerméint exploitéiert goufen. Bis un déi 200 Persounen hunn do um Ofbau geschafft. Vum Truff deen als Brennstoff benotzt gouf, gouf e groussen Deel vun enger thermescher Elektrizitéitszentral benotzt, déi am Ufank vum 20. Joerhonnert gebaut gouf, an eng Leeschtung vu 60 kW hat. D'Zentral déi hautdesdaags net méi benotzt gëtt, ass nach a engem funktiounsfähegen Zoustand.

Kuckt och änneren