D'London Eye (engl.: A vu London), eng Zäitchen och als Millennium Wheel bekannt, ass e Riserad am Zentrum vu London um rietsen Ufer vun der Themse, no bei der Westminster Bridge. Mat enger Héicht vun 135 Meter ass et dat héchst Riserad vun Europa a war, wéi et ageweit gouf, dat héchst vun der Welt.

D'London Eye

D'Aarbechten um London Eye hunn 1998 ugefaangen; et gouf am Mäerz 2000 fir de Public opgemaach. Ufanks war geplangt et just e puer Joer stoen ze loossen; wéinst sengem grousse Succès steet et nach bis haut.

Ronderëm d'Rad vum London Eye sinn 32 vollklimatiséiert Gondele festgemaach, an déi all Kéier bis zu 25 Persounen erapassen. D'Rad dréint sech mat 0,26 m/s a brauch ongeféier 30–40 Minutte fir een Tour. Well et sou lues dréint, brauch et net stoen ze bleiwen, fir d'Leit eran- an erausklammen ze loossen.

Architekte waren den David Marks an d'Julia Barfield. Den Design vun de Gondelen ass vum Nick Bailey.


Commons: London Eye – Biller, Videoen oder Audiodateien

Um Spaweck änneren

 
{{{2}}}