E Lofthummer ass ee grousse pneumatesch ugedriwwene Meessel, deen haaptsächlech am Déifbau gebraucht gëtt. De Lofthummer a mëttlerer Ausféierung ka vu Mënsche beim Schaffe gebraucht ginn. Grouss Modeller sinn op de Schaffäerm vun Terrassementsmaschinnen, meeschtens Baggere, montéiert.

E Lofthummer mat Schalldämpfer

Kleng Lofthimmer ginn am Haiserbau gebraucht an hunn d'Gréisst vun enger décker Buermaschinn. Am Laf vun der Zäit goung d'Entwécklung vun deenen Himmer an déi Richtung, datt se ëmmer manner duerch Drockloft ugedriwwe ginn, mä direkt mechanesch duerch en Elektromotor.

En anert Geschier dat um Prinzip vum Lofthummer baséiert ass d'Boulonneuse fir Schrauwen bäi- oder lasszedréinen.