Eng Liturgie (v. griich.: λειτουργία leiturgia ‚ëffentlechen Déngscht/Déngscht um Vollek‘, aus λειτóς ‚ëffentlech‘ von λαός/λεώς ‚Vollek' an ἔργον érgon ‚Wierk‘, ‚Déngscht‘) bezeechent eng chrëschtlech oder jiddesch Versammlung vu Gleewegen. De Begrëff huet säin Ursprong an der griichescher Kierch a setzt sech am 16. Joerhonnert an der laténgescher Kierch duerch. Liturgie ass en anert Wuert fir Gottesdéngscht.

D'Liturgie gehéiert zu den dräi Grondfunktioune vun enger kierchlecher, chrëschtlecher Gemeinschaft:

  • säi Glawe bezeien (martyria)
  • Gottesdéngscht feieren (liturgia)
  • Nächsteléift liewen (diakonia)

An der kathoulescher Kierch gëtt et vill liturgesch Formen. Déi bekanntst ass wuel d'Mass (Eucharistiefeier). All Feier vun de Sakramenter, wéi Daf, Eucharistie, Firmung, Bouss, Bestietnes, Priesterwei a Krankesalbung sinn och liturgesch Feieren. Doriwwer eraus awer och d'Rousekranzgebied, d'Vesper, d'Andacht asw.

Um Spaweck änneren

Commons: Liturgie – Biller, Videoen oder Audiodateien