Litauesche Litas

fréier Wärung vu Litauen

De Litauesche Litas oder och einfach Litas (LTL) war vum 2. Oktober 1922 bis den 31. Dezember 2014 (ausser tëscht 1940 an 1993) déi offiziell Wärung vu Litauen. Si gouf den 1. Januar 2015 duerch den Euro ersat, nodeems Litauen der Eurozon bäigetruede war.

1 Litas war an 100 Centų ënnerdeelt.

Geschicht änneren

1922 bis 1940 änneren

De Litauesche Litas gouf den 2. Oktober 1922 offiziell als Nofollgerwärung vun der Däitscher Ostmark agefouert. Nodeems Litauen am Abrëll 1940 un d'Sowjetunioun ugegliddert gouf, gouf de Litauesche Litas duerch de Rubel ersat.

1993 bis 2014 änneren

Scho virun der Onofhängegkeet vun der Sowjetunioun gouf d'Litauesch Staatsbank erëm gegrënnt, fir de Litauesche Litas als Prioritéit vun der zweeter Republik anzeféieren. Eréischt 1993 gouf de Litauesche Litas als Wärung agefouert, nodeems vun 1990 bis 1992 d'Iwwergangswärung Talonas déi Zäit iwwerbréckt huet.

Wéi den Ëmtoschwäert zum Euro festgeluecht gouf, gouf dee mat 1 EUR  = 3,45280  LTL fixéiert.

Mënzen änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Litauesche Litas – Biller, Videoen oder Audiodateien