Lisieux ass eng Stad an der franséischer Regioun Normandie am Departement Calvados mat 21.826 Awunner. Si läit 86 km südwestlech vu Rouen an 30 km südlech vun Deauville um Äermelkanal. D'Stad ass de Sëtz vun der Ënnerprefecture vum Arrondissement Lisieux, deen aus 13 Kantone besteet. D'Stad selwer ass op dräi Kantone verdeelt.

Lisieux
Land Frankräich
Regioun Normandie
Departement Calvados
Arrondissement Lisieux
Kanton Lisieux
Postcode 14100
Gemengecode 14366
Koordinaten 49° 08’ 47’’ N
      00° 13’ 36’’ O
Fläch  13,07 ha
Bevëlkerung  21.826 (2009)
D'Kathedral St. Pierre zu Lisieux

Lisieux läit un dem klenge Floss Touques an ass als Sëtz vun engem Karmel eng Pilgeruertschaft ginn, déi all Joer Dausende vu Pilger unzitt. Dat verdankt se der Helleger Theresia vum Jesuskand (Sainte Thérèse de l'Enfant Jésu). No hirem Doud am Joer 1897 huet sech hir Veréierung an engem ongewéinlech séieren Tempo verbreet. 1923 gouf se séileg a schonn zwee Joer duerno helleggesprach. Hir ass déi tëscht 1929 an 1937 gebauten neiromanesch Basilika gewidmet.

Zur Réimerzäit huet Lisieux Noviomagus Lexoviorum geheescht.

Kuckeswäertes änneren

  • Kathedral Saint-Pierre vu Lisieux (gothesch)
  • Basilika Sainte-Thérèse vu Lisieux (romano-byzantinesche Stil vum 20. Joerhonnert)
  • De Carmel a besonnesch d'Kapell vum Carmel-Klouschter
  • Les Buissonnets, Déi fréier Proprietéit vum M. Martin, dem Papp vun der Helleger Theresia (wou si virum Antrëtt an d'Klouschter gelieft huet)

Fotoalbum vu Lisieux änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Lisieux – Biller, Videoen oder Audiodateien