Liljen (Blummen)

Blummegattung

D'Liljen (Lilium) sinn eng Planzegattung aus der Famill vun de Liljeplanzen (Liliaceae).

Liljen
Kinneksliljen (Lilium regale)
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Liliopsida
Ënnerklass Liliidae
Uerdnung Liljenaarteger (Liliales)
Famill Liljeplanzen (Liliaceae)
Ënnerfamill Lilioideae
Wëssenschaftlechen Numm
Lilium
L.

Wéinst hiren apaarte Bléie gi se a ville Kulturen als Dekoratiounsplanzen appreciéiert. Absënns an Asien gi se awer och als Liewensmëttel an als Heelplanze gebraucht.

D'Gattung huet sech vun hirem Urspronk am Himalaya aus op all Kontinenter vun der Nordhallefkugel ausgebreet, mat enger Preferenz fir klimatesch temperéiert Zonen. Haaptverbreedungsgebitt ass China, mä et fënnt ee se och an Nordamerika, Europa, am Kaukasus, Russland, bis hin zu Japan.

Et gëtt eng 110 Aarten, dovu sinn der 21 op der Rouder Lëscht.

Déi heraldesch Liljen, u sech eng Giel Lëtscheblumm déi mat de Lilje botanesch iwwerhaapt net Famill ass, ass d'Symbol vun der kinneklecher Famill am Frankräich.

D'Liljen ass doriwwer eraus e Symbol vun der Joffer Maria, an e Symbol vun der Rengheet.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Liljen – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
Natierlech Verbreedung vun der Gattung Lilium