Liichttuerm Westerheversand

De Liichttuerm Westerheversand ass e Liichttuerm a Schleswig-Holstein, op der Nordmierküst.

Loftvue no Südosten op de Liichttuerm (D'Foto ass Gewënner vum internationale Fotosconcours Wiki Loves Monuments 2015).

E steet op enger Warft (engem opgekéipten Hiwwel) virun der Uerschaft Westerhever, op der Hallefinsel Eiderstedt an der Gemeng Westerhever, 1 Kilometer vum Däich ewech.

D'Gebai ass 40 Meter héich, d'Feier uewendrop op enger Héicht vun 41 Meter. D'Luucht ka ronn 21 Séimeilen (eng 39 Kilometer) wäit gesi ginn.

Den Tuerm gouf tëscht 1906 an 1908 gebaut an de 26. Mee 1908 a Betrib geholl. Zënter 1975 gëtt e vun enger 2.000-Watt-Xenon-Kuerzbouluucht mat enger Liichtstäerkt vun 183.000 Candela beliicht.

Zënter 2001 kann een den Tuerm besichen.

Literatur änneren

  • Michael Pasdzior, Jens Meyer-Odewald: Leuchtturm Westerheversand – Eine Reise durch Licht und Zeit. Eiland, Westerland 2007, ISBN 3-940133-19-1

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Liichttuerm Westerheversand – Biller, Videoen oder Audiodateien