Liewensmëttel sinn d'Ernierungsmëttel, déi d'Mënsche fir d'Iwwerliewe brauchen.

Joachim Beuckelaer, 1560-1565

Eng weider erwënscht Funktioun vum Konsum vun de Liewensmëttelen ass de Genoss. Genossmëttel zielen zu de Liewensmëttelen, mee ginn net an éischter Linn wéinst hirem Nierwäert konsuméiert, oder fir sat ze ginn, mee wéinst hirem Goût oder hirer Wierkung op de Konsument.

Liewensmëttel fir Déieren, déi vum Mënsch ugebuede ginn, ginn allgemeng Fudder oder Fuddermëttel genannt.

Nierwäert änneren

Ënner dem Nierwäert versteet een déi Energie déi dem Kierper iwwer d'Iessen oder soss eng Form vun Ernierung zur Verfügung gestallt gëtt.

Kuelenhydrater, Lipiden a Proteinnen änneren

Bestanddeeler vun der Narung, déi Energie liwweren, sinn: d'Kuelenhydrater (17 kj/g) an d'Lipiden (34 kj/g). Déi ginn dohier och Brennstoffer genannt. D'Proteinnen (17 kj/g) liwweren zwar och Energie, ginn awer éischter zu de Baustoffer gezielt. Si hunn Aminosaieren déi fir d'zellulär Proteinsynthees wichteg sinn.

Vitaminnen, Ballaststoffer a Mineralstoffer änneren

D'Ballaststoffer sinn onverdaulech a ginn erëm ganz ausgescheet. D'Mineralstoffer an d'Vitaminnen si liewesnoutwenneg. Den Organismus ka si net selwer hierstellen a si mussen dofir mat der Narung opgeholl ginn.

Zousazstoffer änneren

Zu den Zousazstoffer kann een d'Aromastoffer, Bannmëttel, Konservéierungsstoffer, d'Geschmachstoffer an Additiver zielen. Et si Liewensmëttelzousazstoffer déi de Geschmaach, d'Ausgesinn an de Verfallsdatum vun de Liewensmëttel beaflossen.

Liewensmëttelgruppen änneren

Produkter aus der Natur änneren

Eewäiss-Produkter änneren

Kuelenhydrat-Produkter änneren

Fett an Uelegprodukter änneren

Gedrénks änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Liewensmëttel – Biller, Videoen oder Audiodateien